Jean Pierre Moris (Ichthyolog)

Vu Wikipedia
Jean Pierre Moris
Gebuer 19. Juni 1836
Léck
Gestuerwen 28. Juni 1902
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportfëscher, Ichthyolog

De Jean Pierre Moris, gebuer den 19. Juni 1836 zu Léck a gestuerwen den 28. Juni 1902 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sportfëscher an Amateur-Ichthyolog.

De Jean Pierre Moris hat fir Zockerbäcker geléiert, huet dee Beruff awer no enger Rei vu Joren opginn an huet sech als Reesender respektiv Geschäftsvertrieder etabléiert, fir d'éischt zu Tréier an dono, am Laf vum Joer 1893, an der Stad Lëtzebuerg.

Sportfëscher a Fëschkenner[änneren | Quelltext änneren]

De Moris war e fervente Sportfëscher an en exzellente Fëschkenner. 1893 huet hien an der Stad deen éischte Fëscherveräin, den “Luxemburger Angelfischerclub”, gegrënnt.

Hien huet d'Liewe vun de Salemen (Salmo salar) erfuerscht. Dofir huet hie jonk Saleme markéiert fir kënne festzestellen, ob a wéini si an hir Heemechtsgewässer zeréckkéimen, fir do ze läichen, a wéi vill si an der Tëschenzäit gewuess wieren.

De Jean Pierre Moris huet 1896 an der Sauer ënnerzech vu Bur e Schnäpel (Coregonus oxyrhynchus), Spatznues genannt, gefaangen, eng Aart, déi bis dohin zu Lëtzebuerg onbekannt war. Hien huet als éischten d'Presenz vum Bandwuerm Ligula intestinalis (de: Riemenwurm) bei de lëtzebuergesche Fësch nogewisen, an zwar bei engem Routa, dat hien 1899 bei Wallenduerf, no bei der Plaz, wou d'Our an d'Sauer leeft, gefëscht hat. De Moris war ee vun deenen éischten, deen en Zander (Sander lucioperca), och Hiechtepiisch genannt, gefaangen huet, an zwar 1898 an 1900 an der Sauer bei Méischdref. Virun him hate just d'Gebridder Hein, Beruffsfëscher vun Éinen, en Zander gefaangen, een am Mäerz 1894 an en aneren am Oktober 1894, an zwar an der Musel.

Éieremember vun der “Fauna”[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Pierre Moris, deen Éieremember vun der Fauna – Société des naturalistes luxembourgeois war, huet an hirem Bulletin, deen deemools nach “Mittheilungen aus den Vereinssitzungen” geheescht huet, eng Rei vun Artikelen iwwer Fësch a Fëschzuucht publizéiert. Säin éischten Artikel awer hat hien dem Echternacher Anzeiger geschéckt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

SNL = Mittheilungen aus den Vereinssitzungen = Comptes-rendus des séances, Fauna - Verein Luxemburger Naturfreunde = Fauna - Société des Naturalistes Luxembourgeois.

  • Moris, J.P., 1886. [Salme in der Sauer – Schonzeit für die Forellen]. Echternacher Anzeiger 1886-10-24: 1, Nr. 86.
  • Moris, J.P., 1898. Ueber die Hebung des Fischbestandes und die Aussetzung der Salmbrut in der Sauer. SNL 8: 88-89.
  • Moris, J.P., 1898. Die Bestimmung des Alters der Salme. SNL 8: 89-90.
  • Moris, J.P., 1898. Vortrag über die jetzt herrschende Krankheit der Barben und Aale in der Mosel und Alzette, gehalten in der Herbst-Wanderversammlung der „Fauna“ zu Rümelingen, am Sonntag, den 11. September 1898. SNL 8: 196-199.
  • Moris, J.P., 1899. Einige praktische Winke zur Hebung des mangelhaften Fischbestandes im luxemburger Lande. SNL 9: 101-103.
  • Moris, J.P., 1900. Das Räthsel des Aales ist gelöst. SNL 10: 20.
  • Moris, J.P., 1900. Ein Wort über den Zander, (Lucioperda Sandra), und sein Vorkommen in unsern Flüssen. SNL 10: 120 (Fig.), 131-132.
  • Moris, J.P., 1900. Ueber die künstliche Fisch-, besonders Forellenzucht. Vortrag gehalten in der Wander-Versammlung zu Remich im September. SNL 10: 257-259.
  • Moris, J.P., 1901. Wiederum der Schnäpel! SNL 11: 518-519.
  • Moris, J.P., 1902. Der Hecht auf der Wiese! Eine ichthyologische Beobachtung. SNL 12: 78-79.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J. A., 2017. Jean Pierre Moris (1836-1902), Fischereiexperte und Ehrenmitglied der „Fauna – Société des naturalistes luxembourgeois“. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 119: 3-37.[1]