Jean Schoos (Psycholog, Auteur)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Psycholog an Auteur Jean Schoos. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt w.e.g. Jean Schoos.

De Jean Schoos, gebuer den 8. September 1947 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Psycholog a Schrëftsteller.[1]

No engem Studium vu Chimie, Physik a Mathematik, vun 1967 bis 1969, huet de Jean Schoos vun 1969 bis 1975 op der Universitéit Heidelberg Psychologie a Soziologie studéiert. No 3 Joer als wëssenschaftleche Mataarbechter an enger Aarbechtsgrupp zu Heidelberg gouf hien 1978 Direktor a vun 2000 u President vum Jongenheem (Centre d’Insertion et de Réinsertion Professionnelle) zu Bartreng. 2011 gouf e pensionéiert.

Hien huet 2016 säin éischte Policeroman geschriwwen: Den drëtte Schlëssel (Editions Guy Binsfeld).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op autorenlexikon.lu.