Jean Weyrich

Vu Wikipedia
Jean Weyrich
Gebuer 24. Januar 1930
Gestuerwen 12. Februar 2004
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotoreporter

De Jean Weyrich, gebuer de 24. Januar 1930 a gestuerwen den 12. Februar 2004 war e Lëtzebuerger Fotojournalist.

Hie war vun 1951 u beim Pol Aschman an der Léier a vun 1961 bei Bourg-Bourger, dem Editeur vun der Revue engagéiert. Tëscht dem 1. Oktober 1972 a senger Pensioun am Februar 1995 war hie Fotojournalist beim Luxemburger Wort.

De Jean Weyrich hat iwwer d'Joren eng grouss Kollektioun mat Fotoen aus dem Alldagsliewen zesummegestallt. Seng Aarbechten, eng 146.000 Negativer, gi vun der Stater Fotothéik archivéiert. Als Undenken un de Jean Weyrich huet d'Gemeng Lëtzebuerg am Summer 2019 eng Retrospektiv Jean Weyrich - gentleman photojournaliste organiséiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Trésors de la Photothéque - Jean Weyrich, 2019, Photothèque de la Ville de Luxembourg