Op den Inhalt sprangen

Jean Winkin

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Winkin
Gebuertsnumm Jean Pierre Winkin
Gebuer 14. Mee 1905
Uewerwampech
Gestuerwen 14. Oktober 1984
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Fonctioun Buergermeeschter

De Jean Pierre Winkin, gebuer de 14. Mee 1905 zu Uewerwampech, a gestuerwen de 14. Oktober 1984 zu Ettelbréck[1], war e lëtzebuergesche Bauer vun Uewerwampech an CSV-Politiker[2].

Hie war wärend 40 Joer Sekretär vun der Gemeng Uewerwampech. Bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierten aus dem Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt a gouf 1959, 1964, 1968 an 1974 erëmgewielt. 1974-79 war hie Vizepresident vun der Chamber.[2] An der Period 1977 – 1978 war hie President vum Benelux-Parlament

1970 gouf hien zum Buergermeeschter vun der Gemeng Uewerwampech gewielt, ier en dann 1977, an der fusionéierter Gemeng Wëntger, Schäffe gouf (bis 1981).[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsakt Nr. 14 vum 15. Mee 1905 vun der Gemeng Uewerwampech mat Doudesinfo
  2. 1 2 3 "Eloge funèbre de M. Jean Winkin, député honoraire." Compte-rendu vun der Chambersëtzung vum 16. Oktober 1984, C-1984-O-002-0001.]
  3. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 6. Dezember 2022