Op den Inhalt sprangen

Jean d'Huart

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean d'Huart
Gebuer 26. Dezember 1903
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Juli 1984
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Banquier

De Jean d'Huart, gebuer als Maria Martin Pierre Emile Jean d'Huart de 26. Dezember 1903 an der Stad Lëtzebuerg[1][2], an och do gestuerwen den 10. Juli 1984[3][2], war e lëtzebuergesche Banquier.

Hien huet Sciences commerciales studéiert a säi Studium 1925 mat enger Licence ofgeschloss. Am selwechte Joer huet hien eng Karriär bei der BIL ugefaangen. Am Laf vun de Joerzéngten ass hien an déi iewescht Direktioun vun der Bank opgestigen a war vun 1967 bis 1968 den Direkter vun der BIL. Nieft senger Funktioun am lëtzebuergesche Bankesecteur war hien och an europäesche wirtschaftlechen a beruffleche Baskenorganisatiounen engagéiert.

Vun 1953 bis 1959 a vun 1964 bis 1969 war hie President vun der ABBL. An den 1950er Joren huet hien d'BIL am Verwaltungsrot vun der Bourse vertrueden. Hien war Matgrënner a President vun der Fédération bancaire de la CEE.[4]

De Jean d'Huart war och Member a verschiddenen Verwaltungsréit, déi net direkt mat der Bankeplaz a Verbindung waren, wéi z. B. d'Dikrecher Brauerei oder de Monopol.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Jules Mersch, Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 17. luxemburgensia.bnl.lu page 332. Gekuckt den 18.01.2026.
  2. 1 2 (de) Gebuertsschäin 462 S. 117. Ville de Luxembourg, Archives nationales. Gekuckt den 18.01.2026.
  3. De Marie Martin Pierre Emile Jean d'Huart op www.luxracines.lu
  4. Christian Calmes, Une banque raconte son histoire: histoire de la Banque Internationale : 1856-1981, Luxembourg, Saint-Paul, 1981, S. 465.