Jean de Bertier

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-Marie René de Bertier de Sauvigny (och als de Berthier ze fannen), gebuer den 31. Oktober 1877 zu Saint-Mihiel a gestuerwen de 26. September 1926 zu Volmunster, war e franséischen Industriellen a Senateur vum Departement Moselle. Vun 1919 bis 1926 war hie Buergermeeschter vu Manom.

De Jean de Bertier war de Bouf vum Réné-Auguste-Anatole de Bertier deen um Schlass vu la Grange gewunnt huet, an 1882 bei der Grënnung vun der Diddelenger Schmelz Matactionnaire war, doduerch datt hien d'Minièresterrainen déi hien a Loutrengen hat, mat an d'Gesellschft bruecht huet.

No sengem Doud 1904 gouf de Jean Kommissär genannt, fir d'éischt op der Diddelenger Schmelz, an duerno bei der ARBED. Well hie franséischen Offizéier war, konnt hien net an de Verwaltungsrot kommen.

Hien hat seng Offizéieschschoul zu Saint-Cyr 1896 an der 81. Promotioun, genannt Première des Grandes Manoeuvres ugefaangen an duerno an der Kavaleriesschoul zu Saumur fäerdeg gemaach, déi en 1899 als Sous-lieutenant ofgeschloss huet. Hie gouf op Compiègne an op Libourne affektéiert, an ass duerno op d'École supérieure de Guerre gaange fir säi Brevet als Offizéier vum État-major ze kréien.

Mat der Politik krut hie säin éischte Kontakt wéi en Aide de camp beim Krichsminister Maurice Berteaux gouf.

1908 huet hie sech mat der Marie-Louise, Pauline, Huberte Chalneton de Croy bestuet, a gouf duerno vun 1909 bis 1911 an de Marokko versat. Du gouf hie bis 1914 Militärattaché an der franséischer Ambassade zu Washington.

Wéi den Éischte Weltkrich ugefaangen huet, huet de Jean de Bertier gefrot fir kënnen als Zaldot säin Déngscht ze maachen. Hie koum zréck a Frankräich a gouf Verbindungsoffizéier tëscht der franséischer an der englescher Arméi, fir d'éischt am Secteur vu Saint-Omer, an duerno an den Dardanellen.

1917 gouf hien als Kommandant vun enger Schwadroun vum 8. Husareregiment an der Géigend vun Noyon blesséiert. Hie krut fir seng militäresch Leeschtunge fënnef Citatiounen um Ordre du Jour vun der franséischer Arméi.

Wéi de Krich eriwwer war, huet hien d'Schlass zu Manom zréckkaaft, dat hien an der Zäit vun der Anexioun 1912 der däitscher Gutehoffnungshütte hat misse verkafen, déi hire Casino do wollt ariichten.

1919 huet hien d'Arméi verlooss, fir kënne Politik ze maachen. Hie gouf Buergermeeschter zu Manom, an nodeem de Senateur Colin den 30. November 1921 gestuerwe war huet hie sech als Member vun der Union républicaine bei de partielle Walen de 26. Februar 1922 opgesat, a gouf als Senateur vum Museldepartement gewielt.

Hien ass stënterlech de 26. November 1926 zu Volmunster op engem Kongress vum Office agricole départemental gestuerwen.

Säi Meedchen d'Sylvie de Bertier gouf 1945, Buergermeeschtesch zu Manom. Si war deemools déi jéngst Buergermeeschtesch, déi et jee a Frankräich gouf, a si blouf iwwer 40 Joer op där Plaz.