Jean de Wiltheim
Jean de Wiltheim | |
---|---|
Gebuer | 1558 |
Gestuerwen | 5. Januar 1636 |
Aktivitéit | Jurist |
Famill | |
Kanner | Alexandre Wiltheim, Jean Guillaume Wiltheim, Eustache de Wiltheim |
De Jean de Wiltheim, gebuer 1558 zu Sankt Vith, a gestuerwen de 5. Januar 1636 an der Stad, war Greffier um Conseil Provincial a Privatsekretär vum Péiter Ernest vu Mansfeld. Hie gouf an der Méchelskierch begruewen. Seng Eltere waren den Nicolas Wiltheim an d'Catherine Flade.
Seng Eltere si fréi gestuerwen. Mat 12 Joer war hie Weesekand. Eng Damm vu Samrée huet sech ëm de jonke Jean gekëmmert an hie goung op Huy an op Léck an d'Schoul. Hien huet do op sech opmierksam gemaach, a gouf e Protegé vum Jean de Naves, Här vu Messancy.
1585 gouf hie Greffier um Conseil Provincial zu Lëtzebuerg a méi spéit gläichzäiteg Privatsekretär vum Gouverneur Péiter Ernest vu Mansfeld. Hie war den éischte vun de Wiltheimer dee sech definitiv zu Lëtzebuerg néiergelooss huet.
1585 huet hien d'Marguerite Brenner an der Buerg Veianen bestuet a si hunn zesummen 10 Kanner op d'Welt gesat. Hie war gutt situéiert. Der Gidderzielung vum 30. Juni 1605 no, hat hie Besëtzer zu Aassel, Duelem, Fëlschdref, Nëttel, Rolleng, Uewer- an Nidderaanwen, Waldbriedemes a Rued-Sir. Ausserdeem hat hien d'Herrschaft iwwer Manderen. Hien huet de Jesuittepatere vill gehollef fir sech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen.
1627 gëtt hien, säi Brudder Guillaume a seng Jongen Eustache, Jean a Christophe, vum Keeser Ferdinand II. geadelt. Seng aner Jongen, de Jean-Guillaume, de Jean-Gaspard an den Alexandre Wiltheim, déi an de Jesuittenuerden agetruede waren, krute keen Adelstitel.
An der Stad, zu Senneng an zu Waldbriedemes gouf jeeweils eng Strooss no der Famill Wiltheim genannt (Rue Wiltheim).