Jeannot Sanavia

Vu Wikipedia
Jeannot Sanavia
Gebuer 19. August 1962
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

De Jeannot Sanavia, gebuer den 19. August 1962 zu Esch-Uelzecht,[1] ass e lëtzebuergesche Komponist a Kontrabassist, deen d'Filmusek vu ville lëtzebuergeschen an internationale Filmer komponéiert huet.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Jeannot Sanavia huet Musek um Escher Conservatoire, um Conservatoire royal zu Bréissel an um Conservatoire zu Maastricht geléiert. Als Museker huet de Jeannot Sanavia fir d'éischt mam Saxophon ugefaangen, an duerno mat der Kontrabass an dem Komponéieren.

Zënter 1987 komponéiert hi Musek fir Ensembelen a fir Filmer.

Hie schafft als Enseignant am Conservatoire vum Norden zu Ettelbréck.

Fir seng Musek fir de Film Nuits d'Arabie gouf hien 2007 bei der 3. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis mam Präis fir déi bescht Filmmusek vun der Sacem ausgezeechent.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Websäit[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 378