Jeannot Trampert
Jeannot Trampert | |
---|---|
Gebuer | 20. Januar 1961 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Geolog, Fuerscher |
De Jeannot Trampert, gebuer den 20. Januar 1961 an der Stad Lëtzebuerg[1] ass e lëtzebuergesche Geophysiker.
De Jeannot Trampert huet Physik a Mathematik op der Universitéit zu Stroossbuerg studéiert, wou hien 1990 säin Doktorat gemaach huet[2].
2004 gouf hie Professer op der Universitéit zu Utrecht. Zanter 2009 ass hie Fuerschungsdirekter vum Departement Sciences de la Terre vun där Universitéit. Seng Spezialitéit ass d'Erfuerschung vun der Ausbreedung vun de seismesche Wellen, aus där een op d'mineralesch Zesummesetzung an d'Konvektiounsstréimungen am Äerdmantel zeréckschléisse kann[2].
2012 krut de Jeannot Trampert de Grand Prix en sciences géologiques / Prix Feidt vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal[2].
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Anonyme, 2012. Le «Prix Feidt» décerné à Jeannot Trampert. Le géophysicien est actuellement professeur à l'Université d'Utrecht. Luxemburger Wort vum 23. November 2011, S. 17.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Websäit vum Jeannot Trampert
- De Jeannot Trampert um Portail luxembourgeois de l'innovation et de la recherche