Jeff Desom

Vu Wikipedia
Jeff Desom
De Jeff Desom bei der Ouverture vu senger Expositioun "Holorama" am Ratskeller vum Zerkel
Gebuer 1984
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur

De Jeff Desom, gebuer 1984, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur a Visual-artist.

Mat 17 Joer huet hien a senger Fräizäit mat Kolleegen de Film The Plot Spoiler gedréint, un deem en 3 Joer geschafft huet an deen 2007 de Lëtzebuerger Filmpräis als beschte Kuerzfilm krut. Nom Lycée ass hien op Bournemouth op d'Héichschoul gaangen, wou en e Bachelor of Arts a Film & Television Production mat Spezialisatioun op Regie gemaach huet. 2009 huet hien e weidere Kuerzfilm, X on a Map realiséiert.

Zënterhier mécht hie Kuerzfilmer, Videoclippen a Video-Installatiounen.

2013 war hie Laureat vun der Bourse Edward Steichen Award Luxembourg Resident in NYC.

...

2022 war hien ee vun de just fënnef Leit, déi d'VFX vum Film Everything Everywhere All at Once[1], dem Gewënner vum Oscar fir de beschte Film 2023, realiséiert hunn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Source of Life, Reklammsspot fir Sources Rosport
  • 2014: Holorama, Installatioun am Kader vun "Discovery Zone, Luxembourg City Film Festival 2014"
  • 2013: Where Cinema Lives On! Publicitéit fir d'Stater Cinemathéik
  • 2012: Health, Tears, Museksvideo fir d'Grupp Hauschka
  • 2012: Radar, Museksvideo
  • 2011: Rear Window Timelapse (Vimeo Award)
  • 2010 The Key, Museksvideo fir Hauschka
  • 2010: Rear Window Loop, Remix (Prix Ars Electronica 2012 - Golden Nica)
  • 2010: Ghost Piano, Hauschka
  • 2009 Morgenrot, Museksvideo fir Hauschka
  • 2009 X on a Map, Kuerzfilm
  • 2007 Bloksky, Kuerzfilm (Akira Kurosawa Memorial Award)
  • 2006 The Plot Spoiler, Kuerzfim (Lëtzebuerger Filmpräis)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jeff Desom – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Duncan Roberts: "Jeff Desom: collaborating with some extremely talented folk." delano.lu, 03.12.2022.