Jemp Michels

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt a Kënschtler Jean-Pierre "Jemp" Michels. Fir de Politiker, kuckt wgl. Jean-Pierre Michels.
Jemp Michels
Gebuertsnumm Jean Pierre Nicolas Michels
Gebuer 1. Abrëll 1906
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 16. August 1989
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Famill
Papp Jean-Pierre Michels

De Jean-Pierre-Nicolas "Jemp" Michels, gebuer den 1. Abrëll 1906 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 16. August 1989 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt, Moler a Sculpteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jemp Michels war de Fils vum Jean-Pierre Michels, Deputéierten a Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht an en Neveu vum Émile Hamilius.

Hien huet ufanks vun den 1920er Joren op der École des Beaux-Arts zu Paräis Architektur studéiert. Dono huet hien eng sëllegen Haiser entworf, an 1939 huet hien zesumme mat anere Lëtzebuerger de Lëtzeburger Pavillon vun der Weltausstellung zu New York opgebaut. Deemools huet hien en Diplom als Éierebierger vun New York kritt.

Nom Zweete Weltkrich gouf hie mat der Rekonstruktioun beoptragt; zesumme mam Robert Lenz an dem Archie Thill hu si Bäerdref a Beefort nees opgebaut. An den 1950er Joren huet en och, zesumme mat ville bekannte Kënschtlerfrënn, de Kënschtlertreff "Cavo" gegrënnt.

Vun 1962 bis 1968 war de Jemp Michels President vum Cercle artistique de Luxembourg.

Als Direkter vun de Foires internationales de Luxembourg (FIL), fir d'éischt um Lampertsbierg, duerno um Kierchbierg, huet en de Projet vun der neier Foire konzipéiert. Hie war bis 1978 Direkter vun der Foire, dertëschent och zwéi Joer Vize-President vun der Union des Foires Internationales (UFI).

Nieft all dësen Aktivitéiten huet hie seng Molerei net aus den Ae verluer. Am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht um Fëschmaart hänke Portraite vun him, déi de Joseph Probst an den Auguste Trémont gemoolt hunn.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial A N°12 vun 1958 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  2. "Jemp Michels, directeur-délégué de la Foire Internationale, promu Commandeur de l’Ordre du Mérite", Luxemburger Wort, 4. Juli 1975.