Jiří Rusnok

Vu Wikipedia
Jiří Rusnok
Gebuer 16. Oktober 1960
Ostrava
Nationalitéit Tschechesch Republik, Tschechoslowakei
Educatioun Wirtschaftsuniversitéit vu Prag
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei ČSSD, SPOZ

De Jiří Rusnok, gebuer de 16. Oktober 1960 zu Ostrava, ass en tschechesche Politiker an Ekonomist.

Hie gouf 2001 Finanzminister an der sozialdemokratescher Regierung vum Miloš Zeman, a war dunn an där vum Vladimír Špidla bis Mäerz 2003 Minister fir Industrie a Commerce.

2003 goung hine an d'Privatwirtschaft schaffen (ING Groep). 2010 ass hien aus der sozialistescher Partei ausgetrueden a gouf Member an der neigegrënnter Partei vum Zeman (SPOZ).

De 25. Juni 2013 gouf de Rusnok, nom Récktrëtt vum Petr Nečas, vum President vun der Tschechescher Republik Miloš Zeman zum tschechesche Premier ernannt an domat chargéiert, eng Regierung op d'Been ze setzen. Dës gouf den 10. Juli 2013 vereedegt.

Mä schonn de 7. August 2013 huet se e Vertrauensvote am Parlament verluer. De Rusnok zanter dem 13. August 2013 dofir just nach "kommissaresch" am Amt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jiří Rusnok – Biller, Videoen oder Audiodateien