Jimmy Morales

Vu Wikipedia
Jimmy Morales
Gebuertsnumm James Ernesto Morales Cabrera
Gebuer 18. Mäerz 1969
Guatemala-Stad
Nationalitéit Guatemala
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Komiker, Politiker, Televisiounsschauspiller

Den Jimmy Morales, gebuer den 18. Mäerz 1969 an der Stad Guatemala, ass e guatemalteekesche Komiker a Politiker vun der Frente de Convergencia Nacional (FCN).

Ier hie sech politesch engagéiert huet, war de Morales a Guatemala als Komiker an der Televisiounsserie Moralejas bekannt. Hien ass 2015 bei de Presidentschatswalen als Kandidat ugetrueden, nodeems säi gewielte Virgänger, den Otto Pérez Molina den 2. September 2015 wéinst der Korruptiounsaffär La Línea zeréckgetruede war. Bei de Wale vum 25. Oktober 2015 huet de Morales déi meescht Stëmme kritt.[1]

De 14. Januar 2016 huet hie säin Amt ugetrueden.

Den Jimmy Morales ass mat der Schauspillerin Hilda Patricia Morales bestuet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Präsidentenwahl in Guatemala, Jimmy Morales erklärt sich zum Sieger." op spiegel.de