Jiří Kodet

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jiri Kodet)
Jiří Kodet
Gebuer 6. Dezember 1937
Prag
Gestuerwen 25. Juni 2005
Prag
Nationalitéit Tschechesch Republik
Aktivitéit Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

De Jiří Kodet, gebuer de 6. Dezember 1937 zu Prag, an do gestuerwen de 25. Juni 2005, war en tschechesche Schauspiller.

De Jong vun der Schauspillerin Jiřina Steimarová a Brudder vun der Evelyna Steimarová huet mam Theater ugefaangen, ier e bei de Film goung.

De Kodet huet an e puer ganz bekannten Tëlee-Serie matgespillt:

  • Pan Tau
  • Němocnice na kraji města (Das Krankenhaus am Rande der Stadt)
  • Létajíci Čestmír (Der fliegende Ferdinand)

Am Jiří Menzel sengem Ostře sledované vlaky (Liebe nach Fahrplan; Closely Watched Trains) vun (1966) huet hien en SS-Mann gespillt.

Seng lescht Roll war am Tomáš Hajtmánek sengem Sentiment vun 2003.

De Jiří Kodet ass am Alter vu 67 Joer un "enger laanger schwéierer Krankheet" am Krees vu senger Famill gestuerwen.