Jitzchak Herzog
Ausgesinn
| Jitzchak Herzog | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
11. President vun Israel | |
| 7. Juli 2021 - | |
| Virgänger | Reuven Rivlin |
| Biographie | |
| Gebuer | 22. September 1960 |
| Nationalitéit | Israel |
| Educatioun |
Universitéit vun Tel Aviv, Cornell University, New York University |
| Bestuet mat | Michal Herzog |
| Papp | Chaim Herzog |
| Mamm | Aura Herzog |
| Geschwëster | Michael Herzog |
|
| |
De Jitzchak "Buji" Herzog (Hebräesch: יצחק הרצוג, op Englesch als Isaac "Bougie" Herzog transkribéiert), gebuer den 22. September 1960 zu Tel Aviv, ass en israeeleschen Affekot a Politiker. Hien ass zanter dem 7. Juli 2021 Staatspresident vun Israel.
2003 gouf hie fir d'éischt an d'Knesset gewielt. Hie war e puermol fir kuerz Zäit Minister a verschiddene Refgierungen. Hie war vun 2013 bis 2017 Presidnet vun der Aarbechterpartei Awoda a war Spëtzekandidat vun der Mëtt-lénks-Oppositionsvereenegung Zionistesch Unioun bei der Knessetwal am Mäerz 2015 géint de Premier Benjamin Netanjahu. 2018 gouf e President vun der Jewish Agency for Israel.
Hien ass de Bouf vum fréiere Staatspresident Chaim Herzog.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Isaac Herzog – Biller, Videoen oder Audiodateien |
