Joachim Porath

Vu Wikipedia
Joachim Porath
Gebuer 9. Dezember 1906
Potsdam
Gestuerwen 27. Mäerz 1943
Nordafrika
Nationalitéit Däitscht Räich
Aktivitéit Fonctionnaire
Partei NSDAP

Den Hans Joachim Porath, gebuer den 9. Dezember 1906 zu Potsdam a gestuerwen de 27. Mäerz 1943 an Nordafrika, war en däitsche Verwaltungsbeamten, deen am Zweete Weltkrich Landrat zu Lëtzebuerg war.

De Joachim Porath ass den 1. Oktober 1940 kommissaresche Verwaltungkommissar fir den deemolegen Distrikt Lëtzebuerg-Land ginn. Seng Déngschtplaz war am Ufank an der Stad Lëtzebuerg; den 31. Oktober huet hie s'awer op Esch-Uelzecht deplacéiert. Do huet hien am Laf vum November d'Opschrëft um Escher Stadhaus „Mir wölle bleiwe, wat mer sin“ ewechmaachen a se mat engem Plakat mat „Wir wollen heim ins Reich“ ersetze gelooss.

Wéi den 1. Dezember 1940 d'Verordnung über den Verwaltungsaufbau in Luxemburg vum 14. November 1940 a Kraaft getrueden ass, gouf aus dem Distrikt Lëtzebuerg-Land de Landkrees Esch, an aus dem Verwaltungskommissar Porath gouf elo de Landrat vum Landkrees Esch.

Ier de Porath op Lëtzebuerg koum, war hie perséinlechen Adjutant vum Reichsminister für die kirchlichen Angelegenheiten Hanns Kerrl, dono Regierungsrat beim Landratsamt Leer an Ostfriesland, a schliisslech Landrat vum Landkrees Hildesheim, kommissaresch vum Januar 1937 un an definitiv vum Oktober 1938 un.

De Porath war SA-Obersturmbannführer an e fréien a fervente Member vun der NSDAP. Am September 1941 ass hien an d'Wehrmacht agezu ginn, an am Mäerz 1943 ass hien am Alter vu 36 Joer an Nordafrika als Läitnant an engem Panzerregiment gefall.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]