Jochen Senf

Vu Wikipedia
Jochen Senf
Gebuer 6. Januar 1942
Frankfurt am Main
Gestuerwen 18. Mäerz 2018
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Schauspiller, Schrëftsteller

De Jochen Senf, gebuer de 6. Januar 1942 zu Frankfurt am Main a gestuerwen den 18. Mäerz 2018[1] zu Berlin, war en däitsche Schauspiller an Auteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Senf war de Jong vum Professer Paul Senf, dee méi spéit saarlännesche Finanzminister war. Hie gouf zu Frankfurt am Main gebuer an ass duerno (1952) mat senger Famill op Saarbrécken geplënnert, wou de Papp eng Professur op der Universitéit vum Saarland hat.

De Senf huet Germanistik a Romanistik studéiert ier en op d'Schauspillschoul op Saarbrécken gaangen ass.

Vun 1988 un huet de Senf de Saarbrécker „Tatort“-Kommissär Max Palu gespillt. A sengem éischte Fall (Salü Palu, 1988) deen am Milieu vum Mënschenhandel gespillt huet, gouf och deelweis zu Lëtzebuerg enquêtéiert.

Am Troublemaker vum Andy Bausch huet de Jochen Senf d'Roll vum Erwin - die Ratte gespillt.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1974: Autoverleih Pistulla (Episod: Der ewig blaue Himmel)
  • 1977: Tatort: Wer andern eine Grube gräbt … (Tëleesserie)
  • 1988: Troublemaker
  • 1988: Tatort: Salü Palu
  • 1988: Tatort: Winterschach
  • 1989: Tatort: Herzversagen
  • 1990: Tatort: Blue Lady
  • 1991: Tatort: Der Fall Schimanski
  • 1992: Tatort: Camerone
  • 1993: Tatort: Kesseltreiben
  • 1993: Gute Zeiten, schlechte Zeiten (Tëleesserie)
  • 1993: Nicht von schlechten Eltern (Tëleesserie)
  • 1994: Blauvogel (Mini-Serie)
  • 1995: Tatort: Eine todsichere Falle
  • 1996: Tatort: Der Entscheider (och Dréibuch)
  • 1998: Tatort: Allein in der Falle
  • 1999: Tatort: Strafstoß
  • 1999: Dr. Stefan Frank – Der Arzt, dem die Frauen vertrauen: Nur das Schicksal kennt den Weg
  • 2000: Verbotenes Verlangen – Ich liebe meinen Schüler
  • 2000: Tatort: Die Möwe
  • 2001: Tatort: Du hast keine Chance
  • 2001: Tatort: Zielscheibe
  • 2002: Tatort: Alibi für Amelie
  • 2002: Tatort: Reise ins Nichts
  • 2003: Tatort: Veras Waffen
  • 2004: Tatort: Teufel im Leib (och Dréibuch)
  • 2005: Tatort: Rache-Engel (och Dréibuch)
  • 2006: Das Geheimnis im Moor (Tëleesfilm)
  • 2008: Wenn wir uns begegnen (Tëleesfilm)
  • 2009: Der Mann aus der Pfalz (Tëleesfilm)
  • 2010: In aller Freundschaft (Episod 493: Von Liebe und Leid)
  • 2011: SOKO Stuttgart: Lavendeltod
  • 2012: Mord in Ludwigslust (Tëleesfilm)
  • 2015: Unser letzter Sommer

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Bruno geht zu Fuß. Econ, Düsseldorf a Wien 1993, ISBN 3-612-25010-8.
  • zesumme mam Peter Tiefenbrunner an der Silvia Christoph (Illustratiounen): Die Fabrik-Piraten
    • Band 1: Die gefährliche Erbschaft. Baumhaus, Zürich/Frankfurt am Main/Bruck 1997, ISBN 3-909481-10-8.
    • Band 2: Die Tierquälerbande macht Ernst. Baumhaus, Zürich/Frankfurt am Main/Bruck 1997, ISBN 3-909481-11-6.
    • Band 3: Der reiche Onkel aus Amerika. Baumhaus, Zürich/Frankfurt am Main/Bruck 1998, ISBN 3-909481-12-4.
  • Bruno weiß zuviel. Econ, Düsseldorf 1997, ISBN 3-612-25164-3.
  • Die Baby-Fabrik. Ein Fall für Bruno Paul. Ullstein, Berlin 1999, ISBN 3-548-24629-X.
  • zusammen mam Peter Tiefenbrunner:
    • Der Fluch des Skarabäus. Die Abrafaxe in London. Mosaik, Steinchen-für-Steinchen-Verlag, Berlin 1999, ISBN 3-932667-40-9.
    • Die geheimnisvolle Insel. Die Abrafaxe und das Lebenselixier. Mosaik, Steinchen-für-Steinchen-Verlag, Berlin 2000, ISBN 3-932667-41-7.
    • Koggen, Kähne, Kaperfahrer. Die Abrafaxe zur Zeit der Hanse. Mosaik, Steinchen-für-Steinchen-Verlag, Berlin 2000, ISBN 3-932667-42-5.
    • Schwarze Kunst. Die Abrafaxe und die magischen Lettern. Mosaik, Steinchen-für-Steinchen-Verlag, Berlin 2003, ISBN 3-932667-43-3.
  • Nichtwisser. Gmeiner, Meßkirch 2007, ISBN 978-3-89977-711-6.
  • Knochenspiel. Gmeiner, Meßkirch 2008, ISBN 978-3-89977-763-5.
  • Kindswut. Gmeiner, Meßkirch 2010, ISBN 978-3-8392-1047-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

De Jochen Senf an der IMDb (Internet Movie Database) (en)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De fréieren "Tatort"-Kommissar Jochen Senf ass dout op rtl.lu den 19. Mäerz 2018