Jodrell Bank Observatoire

Vu Wikipedia
De Lovell-Teleskop vum Jodrell-Bank-Observatoire (Säitenusiicht)
De Lovell-Teleskop vu vir

De Jodrell-Bank-Radioobservatoire (englesch Jodrell Bank Observatory, kuerz JBO) ass en Deel vum Jodrell Bank Centre for Astrophysics vun der University of Manchester an huet ee Radioteleskop mat enger fräi beweeglecher Parabolantenn vu 76 Meter Duerchmiesser. En huet eng Mass vun 3.200 Tonnen a gouf am Joer 1957 gebaut. An de Joren 2000 bis 2002 gouf e moderniséiert. Nieft generelle radioastronomeschen Observatiounen déngt de Radioteleskop och fir d'Bunniwwerwaachung vun interplanetare Satellitten a gëtt am Kader vum SETI-Projet fir d'Sich no Funksignaler vun ausserierdeschen Zivilisatioune gebraucht. An de Bléckpunkt vun der Ëffentlechkeet koum de Jodrell-Bank-Radioobservatoire och duerch déi erfolleglos Sich no Funksignaler vum europäesche Mars-Landemodul Beagle 2 Enn 2003/Ufank 2004.

De Jodrell-Bank-Observatoire ass och d'Kärstéck vum MERLIN (Multi-Element Radio Linked Interferometer Network), engem Netzwierk vu Radioteleskopen a Groussbritannien, déi zesummen als radioastronomesch Interferometeren zum Asaz kommen. Weider gëtt de Radioteleskop vu Jodrell-Bank och fir de VLBI gebraucht.

Gaaschtzentrum[änneren | Quelltext änneren]

De Jodrell-Bank-Radioobservatoire huet och ee Gaaschtzentrum, dee Visite vum Jodrell Bank Discovery Center ubitt.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jodrell-Bank-Radioobservatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Besucherzentrum „Jodrell Bank Discovery Center“