Joel Hastings Metcalf

Vu Wikipedia
Joel Hastings Metcalf
Gebuer 4. Januar 1866
Meadville
Gestuerwen 23. Februar 1925
Portland
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences

De Joel Hastings Metcalf, gebuer de 4. Januar 1866 zu Meadville, Pennsylvania, gestuerwen den 23. Februar 1925 zu Portland, Maine war en amerikanesche Geeschtlechen an Astronom.

De Jong vum Lewis Herbert an der Anna (geb. Hicks) Metcalf huet am Alter vu 14 Joer groussen Intressi fir d'Astronomie entwéckelt. Hie gouf duerch e Buch, an duerch zwou enk Konjunktioune vun de Planéite Jupiter a Mars inpiréiert. Hien huet um Meadville Theological Seminar an op der Harvard Divinity School studéiert, an huet am Joer 1892 säin Doktertitel am Allegheny College gemaach. Uschléissend huet hien als unitaresche Geeschtleche geschafft, am Ufank zu Burlington, Vermont, an duerno zu Taunton, Massachusetts, Winchester, Massachusetts a Portland, Maine, wou hien am Joer 1925 gestuerwen ass.

Als Amateurastronom huet hie reegelméisseg Kontakt mat Professeren op den Universitéiten an un Observatoire gehalen. Hien huet 41 Asteroiden, 5 Koméiten a verschidde Verännerlech Stären entdeckt.

De Joel H. Metcalf war mat der Elizabeth S. Lockman bestuet an hat zwee Kanner: den Dr. Herbert E. Metcalf an d'Rachel Metcalf Stoneham.

Asteroiden, entdeckt vum Metcalf

(525) Adelaide 21. Oktober 1908
(581) Tauntonia 24. Dezember 1905
(599) Luisa 25. Abrëll 1906
(600) Musa 14. Juni 1906
(602) Marianna 16. Februar 1906
(603) Timandra 16. Februar 1906
(604) Tekmessa 16. Februar 1906
(611) Valeria 24. September 1906
(620) Drakonia 26. Oktober 1906
(622) Esther 13. November 1906
(636) Erika 8. Februar 1907
(637) Chrysothemis 11. Mäerz 1907
(638) Moira 5. Mee 1907
(645) Agrippina 13. September 1907
(653) Berenike 27. November 1907
(655) Briseïs 4. November 1907
(660) Crescentia 8. Januar 1908
(661) Cloelia 22. Februar 1908
(662) Newtonia 30. Mäerz 1908
(673) Edda 20. September 1908
(675) Ludmilla 30. August 1908
(690) Wratislavia 16. Oktober 1909
(691) Lehigh 11. Dezember 1909
(694) Ekard 7. November 1909
(695) Bella 7. November 1909
(696) Leonora 10. Januar 1910
(726) Joëlla 22. November 1911
(729) Watsonia 9. Februar 1912
(736) Harvard 16. November 1912
(737) Arequipa 7. Dezember 1912
(739) Mandeville 7. Februar 1913
(740) Cantabia 10. Februar 1913
(741) Botolphia 10. Februar 1913
(747) Winchester 7. Mäerz 1913
(755) Quintilla 6. Abrëll 1908
(756) Lilliana 26. Abrëll 1908
(757) Portlandia 30. September 1908
(767) Bondia 23. September 1913
(784) Pickeringia 20. Mäerz 1914
(792) Metcalfia 20. Mäerz 1907
(1345) Potomac 4. Februar 1908

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie