Joel Stebbins

Vu Wikipedia
Joel Stebbins
Gebuer 30. Juli 1878
Omaha
Gestuerwen 16. Mäerz 1966
Palo Alto
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Wisconsin-Madison,
University of California
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society, National Academy of Sciences

De Joel Stebbins, gebuer den 30. Juli 1878 zu Omaha/Nebraska a gestuerwen de 16. Mäerz 1966 zu Palo Alto/Kalifornien war en US-amerikaneschen Astronom.

De Stebbins gëllt als ee vun de Pionéier photoelektrescher Photometrie an der Astronomie. Säin Doktertitel vun de Wëssenschaften (Ph.D.) krut hie vun der University of California. Vun 1903 bis 1922 war hien Direkter vum Observatoire vun der University of Illinois a vun 1922 bis 1948 Direkter vum Washburn-Observatoire vun der University of Wisconsin. Nodeem hien emeritéiert war, huet hie weider um Lick-Observatoire bis 1958 gefuerscht.

Dem Stebbins a senger Zesummenaarbecht mat dem Albert Whitford ass de Verdéngscht zouzeschreiwen, d'photoelektresch Photometrie aus einfachen Ufäng an de fréien 1900er Joren zu enger ausgeräifter Technik an de 50er Joren z'entwéckelen. D'Fotografie gouf duerch hien zu der wichtegster Method vun der Photometrie. De Stebbins huet déi nei Technik ausgenotzt, fir interstellar Niwwele souwéi Faarwe vu Galaxien a verännerlech Stären z'ënnersichen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

E Moundkrater an den Asteroid 2300 Stebbins droe säin Numm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie