Johan Hendrik van Dale

Vu Wikipedia
Statu vum Van Dale

De Johan Hendrik van Dale (gebuer de 15. Februar 1828 zu Sluis, gestuerwen an der Nuecht vum 18. op den 19. Mee 1872 och do) war Enseignant, Archivist zu Sluis an en Dictionnairesmécher.

Vun him ass d'Groot woordenboek der Nederlandse taal ("Groussen Dictionnaire vun der hollännescher Sprooch"), bekannt ënner dem Numm Dikke Van Dale, deen nach haut deen Dictionnaire vum Hollänneschen ass.

Hien huet och Léierbicher iwwer d'Sprooch geschriwwen, a verschidden Artikelen iwwer d'Geschicht vu Sluis.

Hie konnt säi grousse Projet net ganz ofschléissen: Wéi e beim Buschtaf Y ukomm war, ass en un der Poukekrankheet gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dr. P.G.J. van Sterkenburg, Johan Hendrik van Dale en zijn opvolgers, Utrecht/Antwerpen: Van Dale Lexicografie, 1983.
  • Lo van Driel, Een leven in woorden. J.H. van Dale, schoolmeester, archivaris, taalkundige, Zutphen: Walburg Pers, 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]