Johann Linden

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schoulmeeschter an Archeolog Jean Linden. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Linden.
Johann Linden
Gebuer 7. Dezember 1838
Éinen
Gestuerwen 23. Januar 1901
Rolleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Archeolog, Enseignant

De Johann (Jean) Linden gebuer de 7. Dezember 1838 zu Éinen, a gestuerwen den 23. Januar 1901 zu Péiteng[1] respektiv Rolleng bei Péiteng,[2] war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Archeolog.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No der Normalschoul ass de Jean Linden Schoulmeeschter zu Lamadelaine ginn, wou hie bis un d'Enn vu sengem Liewe bliwwen ass. D'Numismatik an d'Archeologie hunn hie passionnéiert. Déi entspriechend Kenntnesser huet hie sech duerch d'Liesen, Studéieren a Fuersche selwer ugëeegent. Als Schoulmeeschter vu Rolleng, an der Noperschaft vum Tëtelbierg war hie gutt placéiert, fir deem Hobby nozegoen. Hien hat eng vun de gréisste lëtzebuergesche Sammlunge vu kelteschen a réimesche Mënzen, déi hie selwer ausgegruewen hat.

Hien huet sech och mat der Erfuerschung vun de Flouernimm ofginn, an doriwwer an iwwer historesch Sujeten am “Luxemburger Land” geschriwwen; donieft huet hie Lëtzebuerger Seeërcher gesammelt, déi am Nicolas Gredt sengem “Sagenschatz” ze fanne sinn (16 Stéck)[3].

De Linden war “membre correspondant” vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal. De gréissten Deel vu senge Schrëften huet hien ënner dem Pseudonym “Der Eremit vom Titelberg” publizéiert.

Hie war den Neveu vum Deche Jean Linden.

Fir un de Jean Linden z'erënnere gouf zu Beggen eng Strooss no him benannt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ueber Flurnamen. Luxemburg, P. Brück, 18 S. [Sonderdruck aus: Das Luxemburger Land: Organ für Vaterländische Geschichte, Kunst und Literatur. Luxemburg. Nummer 22 (1886, 30. Mai) - Nummer 31 (1886, 1. August)].
  • 16 Artikelen am Luxemburgischer Sagenschatz vum Nicolas Gredt;
  • 8 Aufsätz an der Zäitschrëft: Luxemburger Land, 1883-1884;
  • Kollaboratioun an der Zäitschrëft Pädagogischer Sprechsaal, 1898;

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1943. Rollingen. Ein verdienstvoller Lehrer. Tageblatt 1943, Nr. 263 (15. November), S. 4. [1]
  • Arendt, Karl, 1972. Porträtgalerie hervorragender Persönlichkeiten des Luxemburger Landes mit biographischen Notizen, Verlag Edouard Kutter, Neioplo 1972. (Johann Linden: S. 506).
  • Blum, Martin, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 S. (Linden Jean: S. 746).
  • Molitor, Michel, 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung von 1815-1930. Luxemburg, Fr. Bourg-Bourger, 157 S. (Linden Johann: S. 55).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Molitor 1931, Blum 1981.
  2. Referenz fir d'Uertschaft: Luxemburger Wort vum 25. Januar 1901 (Link)
  3. Déi genee Lëscht ass beim Blum 1981 ze fannen.