Johann Richter (Astronom)

Vu Wikipedia
Johann Richter
Gebuer 1537 jul.
Jáchymov
Gestuerwen 27. Oktober 1616
Altdorf bei Nürnberg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Universitéitsprofesser, Physiker
Torquetum vum Johannes Praetorius 1568.

De Johann Richter, oder Johannes Praetorius genannt, gebuer am Joer 1537 zu Sankt Joachimsthal a gestuerwen de 27. Oktober 1616 zu Altdorf bei Nürnberg war en däitsche Mathematiker, Instrumentebauer an Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer säi fréiert Liewen ass näischt bekannt, vu 1557 un hat hien op der Universitéit Wittenberg studéiert an hat e Studium vun der fräier Konscht absolvéiert (dozou hu Rhetorik, Grammatik, Arithmeetik, Geometrie, Musek, Astronomie a Logik gehéiert). Vun 1562 bis 1569 hat hien zu Nürnberg gelieft. Do hat hien eng Rei vun astronomeschen a mathemateschen Instrumenter entworf, déi haut am Germaneschen Nationalmuseum zu Nürnberg versuergt ginn.

No Statiounen zu Prag, Wien, Krakau ass hien 1571 engem Ruff vun der Universitéit Wittenberg gefollegt a gouf Professer fir héich Mathematik (Astronomie) op der Universitéit Wittenberg. De 4. Mäerz 1572 kritt hien hei den akadeemesche Grad vun engem Magister vun de philosophesche Wëssenschaften a gëtt de 7. Mäerz 1572 an de Senat vun der philosophescher Fakultéit opgeholl. Wärend där Zäit hat hien de Valentinus Otho op d'trigonometresch Aarbechte vum Joachim Rheticus opmierksam gemaach an hat seng Observatioune vum Koméit am Stärebild Cassiopeia publizéiert (De cometis).

Aus politesche Grënn hat hien am Joer 1575 säi Léierstull misse raumen, krut awer iwwer säi Brudder Paul Praetorius am Wantersemester 1576/77 eng Mathematikprofessur op der Universitéit Altdorf. Zu Altdorf hat hien dann bis zu sengem Doud am Joer 1616 gelieft a gewierkt. Säi Schüler Petrus Saxonius gouf Nofollger op sengem Léierstull.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • De cometis, qui antea visi sunt, et de eo, qui novissime mense novembri apparuit, narratio. Nürnberg: Gerlach & Montanus 1578
  • Problema, quod iubet ex qvatvor rectis lineis datis qvadrilaterum fieri, quod sit in circulo, aliquot modis explicatum. Nürnberg: Valentin Fuhrmann 1598

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gerhard Bott (Hrsg.): Focus Behaim Globus. 2 Bde. Verlag des Germanischen Nationalmuseums, Nürnberg 1992
  • Johann Gabriel Doppelmayr: Historische Nachricht von den Nürnbergischen Mathematicis und Künstlern. Peter Conrad Monath, Nürnberg 1730, S. 83–92
  • Klaus Matthäus: Zur Geschichte des Nürnberger Kalenderwesens. Buchhändler-Vereinigung, Frankfurt a.M. 1969, Sp. 1044–1047
  • Uwe Müller (Hrsg.): 450 Jahre Copernicus „De revolutionibus“. Astronomische und mathematische Bücher aus Schweinfurter Bibliotheken. Stadtarchiv, Schweinfurt 1993
  • Zofia Wardeska: Die Universität Altdorf als Zentrum der Copernicus-Rezeption um die Wende vom 16. zum 17. Jahrhundert. Sudhoffs Archiv 61/2, 1977, S. 156–164
  • Georg Andreas Will: Nürnbergisches Gelehrtenlexikon Bd. 3. Lorenz Schüpfel, Nürnberg 1757, S. 225–231
  • Helmar Junghans: Verzeichnis der Rektoren, Prorektoren, Dekane, Professoren und Schloßkirchenprediger der Leucorea vom Sommersemester 1536 bis zum Wintersemester 1574/75. In: Irene Dingel, Günther Wartenberg: Georg Major (1502–1574) – Ein Theologe der Wittenberger Reformation. Evangelische Verlagsanstalt, Leipzig 2005, ISBN 3-374-02332-0
  • Rudolf Wolkan: Böhmens Antheil an der deutschen Litteratur des XVI. Jahrhunderts. K.u.K. Hofbuchdruckerei A. Haase, Prag 1894, Deel 3, S. 169

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johannes Praetorius – Biller, Videoen oder Audiodateien