Johann Schweisthal

Vu Wikipedia
Johann Schweisthal
Gebuer 28. Dezember 1825
Gestuerwen 25. Februar 1906
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer

De Johann Schweisthal, gebuer den 28. Dezember 1825 zu Ettelbréck, a gestuerwen de 25. Februar 1906 zu Simpelveld an Holland, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.

Als Baukondukter huet hie seng Carrière ugefaangen an ass duerno an de Seminaire an der Stad Lëtzebuerg gaangen. Vun 1856 bis 1857 war hie Kaploun zu Nidderfeelen, vun 1857-1858 Kaploun zu Iechternach, vun 1858 bis 1861 Paschtouer zu Menster a vun 1861 bis 1887 Paschtouer zu Stroossen.

1887 gouf hien als Rekter vum Uerde vun de Schwestern vom armen Kinde Jesus op Simpelveld an déi hollännesch Limburg beruff, wou hien 18 Joer, bis zu sengem Doud, geschafft huet. De Johann Schweisthal war bekannt wéinst senge fondéierte Priedegten an hat als Beroder ville Mënsche gehollef. De Karl Arendt huet a senger Portraitgalerie d'Verdéngschter vum Johann Schweisthal gewierdegt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Karl: Porträtgalerie hervorragender Persönlichkeiten des Luxemburger Landes mit biographischen Notizen, Verlag Edouard Kutter, Neioplo 1972