Johannes Coricius

Vu Wikipedia
Johannes Coricius
De Johannes Coricius op engem Bild 1502[1]
Gebuer 1457
Gestuerwen 1527
Nationalitéit Herzogtum Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer

De Johannes Coricius, gebuer 1457 (?) zu Käerch, gestuerwen 1527 zu Verona, war e lëtzebuergesche Geléierten, Jurist, Geeschtlechen an Humanist, deen haaptsächlech zu Roum an Italie gelieft huet.

Hie war mat dem Erasmus vu Rotterdam befrënnt a war juristesche Beroder vun dräi Peepst. Hie war e mëtschgiewege Mäzen vun Dichter a Kënschtler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp war de Liewensmëttelhändler Heinrich von Koerich. Hien hat zwee Geschwëster: d'Else von Körich, déi mat dem Goldschmadd Johann Brand bestuet war, an de spéidere Munnerëffer Paschtouer Godhart Corricius († 1533).

Iwwer seng Schoulzäit ass näischt bekannt. Den 29. Oktober 1479 huet hie sech op der Universitéit vun Heidelberg immatrikuléiert, wou de Jakob Wimpfeling (1450-1528) säi wichtegste Professer gouf. De 7. Juli 1481 huet hie säin Artium baccalaureus (fr: baccalauréat ès arts libéraux) ofgeschloss (Grammatik, Dialektik a Rhetorik -> Trivium), an de 24. September 1481 krut hie säin Theologiae baccalaureus. Säi Mentor Wimpfeling huet him du géint 1484 de Wee op Roum gewisen, wou hie bei der Kurie Carrière gemaach huet.

Säin Haus, um ëstlechen Hank vum Kapitolhiwwel, war Ulafplaz fir Dichter, Schrëftsteller, Kënschtler a Geléiert. Ënner de prominente Gäscht fënnt een Nimm wéi Nikolaus Kopernikus, Erasmus vu Rotterdam, Martin Luther, Michelangelo, Benvenuto Cellini, Donato Bramante... Hie war mam Kënschtler Raffael befrënnt bei deem en eng Fresk fir d'Kierch Sant'Agostino um Marsfels zu Roum an Optrag ginn huet. Déi stellt de Prophet Isaias duer. An der selwechter Kierch huet de Coricius de Kult vun der hl. Anna selbdritt etabléiert a gefërdert.

De Johannes Coricius huet ënner 6 Peepst gedéngt: Alexander VI., Pius III., Julius II., Leo X., Hadrian VI. a Klemens VII.

Wéi de Poopst Klemens VII. sech 1526 de Feinde vum Karel V. ugeschlooss huet, huet de Keeser am Fréijoer 1527 eng Strofaktioun géint Roum ënnerholl, déi als Sacco di Roma an d'Geschicht agaangen ass. Dobäi huet de Johannes Coricius säi ganzt Verméige verluer an huet sech aarm wéi en Heeschert op de Wee zeréck a seng Heemecht gemaach. Hie koum awer net méi wäit wéi Verona, wou hien als gebrachene Mann gestuerwen ass.

Carrière als Kleriker baussent Roum[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Ämter, déi mat engem Akommes verbonne waren, huet de Johannes Coricius bekleet ouni wierklech Residenz, dat heescht vu Roum aus (Romae residens).

Dem Johannes Coricius seng Nimm[änneren | Quelltext änneren]

  • Familljenimm: Nieft Coricius si follgend Nimm an der Literatur ze fannen, déi sech alleguer vu senger Gebuertsuertschaft Käerch (Koerich) ofleeden: Coritius, Coricio, Corycius, Corytius, Curitius, Goricius, Goritz, Gorizius, Gorytius, Gurici, Köritz, Küritz.
  • Virnimm: Nieft Johannes fënnt een nach Johann an Janus an der Literatur.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Allgemeine deutsche Biographie; Bd. 9; Leipzig (Verlag Geringswald-Gruber), 1879; S. 375.
  • Anonym, 1939. Zur Jahrhundertfeier des Kantons Capellen. Fotoe vum Tony Krier. A-Z Luxemburger Illustrierte Nr. 25, 18. Juni 1939, Jahrgang 7. S. 12-15. [1]
  • Grégoire, Pierre, 1979. Humanisten um Janus Coricius römischen Mäcen und luxemburgischen Renaissancemenschen (1457 ?-1517). Die Warte Année 32(1979), n° 15, p. [1 + 4] ; n° 16, p. [1 + 4], Luxembourg.
  • Grégoire, Pierre, 1980. Humanisten um Janus Coricius: römischen Mäzen und Luxemburgischen Renaissancemenschen (1457?-1527): eine literarisch-kulturelle Untersuchung. Mit Zeichnungen von Edmond Goergen. 329 S. Verl. "De Frëndeskrees", Sankt-Paulusdr., Luxemburg.
  • Grégoire, Pierre, 1980. Die Vermächtnisse des Johannes Coricius: Ergänzung und Berichtigung. Die Warte Année 33(1980), n° 32, p. [1 + 2], Luxembourg.
  • Schmitt, Heinz, 2008. Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon (BBKL) Band XXIX (2008) Spalten 303-319.
  • Wimpheling, Jakob, 1502. Defensio Germaniae Jakobi Wimphelingi. Fribv.
  • Keilen, Lydia, Les CORYCIANA, un recueil de poèmes (1524) dédiés au Luxembourgeois Janus Corycius - ou "Jang vu Kärch" ; in: annALes de l'Athénée de Luxembourg / d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch ; 05 / 2011-2012; Lëtzebuerg, (September) 2012; Ss. 362-369 (ill., bibliogr. Angaben).
  • Keilen, Lydia, CORYCIANA: Livre Premier, Épigrammes / Epigrammata (1524); Paräis (Les Belles Lettres, collection 'Les Classiques de l'Humanisme', Nr. 55), [Juni] 2020; CXXXII + 516 Säiten. - ISBN 978-2-251-15098-8
  • Keilen, Lydia, Un Luxembourgeois à Rome. Janus Corycius, mécène luxembourgeois du début du XVIe siècle; in: d'Buch - La communauté scolaire et les savoirs à l'Athénée de Luxembourg, Band I, Schouljoer 2020-21; Ss. 150-151 (2 Illustratiounen + Bibliographie). - ISBN 978-2-9199540-4-9

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: cf. Wimpheling 1502 an der Literatur.
  2. Dat krut hie 1497 vum Lëtzebuerger Nikolaus Hilchen als Tosch géint e Benefizium um St. Antoniusaltor an der Nikloskierch zu Lëtzebuerg. Cf. Schmitt 2008 an der Literatur.