John-Paul Gomez
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller John-Paul Gomez . Fir de Schachspiller, kuckt wgl. John Paul Gomez. |
| John-Paul Gomez | |
|---|---|
| Gebuer |
11. Juli 1978 Denver |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Schrëftsteller |
|
| |
Den John-Paul Gomez, gebuer den 11. Juli 1978 zu Denver, am Colorado, ass en US-amerikaneschen Englesch-Enseignant, Auteur a Schrëftsteller.[1] Hie lieft zanter 2006 zu Lëtzebuerg.[2]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Den John-Paul Gomez ass am US-Bundesstaat Colorado opgewuess an huet op der University of Colorado – Boulder 2001 e Bachelor, an op der University of New Orleans 2004 e Master an Englesch gemaach. 2007 koum hien op Lëtzebuerg.[2]
Hie schafft ë. a. als Englesch-Enseignant a Free-lance Auteur a schreift geleeëntlech fir d'Publikatiounen Delano a Paperjam, ass den Auteur vun der satirescher Websäit 'Luxemburger Wurst'[3], a bitt seng Servicer un, fir am Optrag fir aner Leit ze schreiwen.[2]
2022 huet seng Kuerzgeschichtesammlung The Idiot of St. Benedict den éischte Präis vum Nationale Literaturconcours gewonnen.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- The Idiot of St. Benedict and other stories. Bridel, Black Fountain Press, 2023.
