John Belushi

Vu Wikipedia
John Belushi
Gebuertsnumm John Adam Belushi
Pseudonym Joliet Jake Blues
Gebuer 24. Januar 1949
Gestuerwen 5. Mäerz 1982
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit USA
Aktivitéit Komiker, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Museker, Synchronspriecher
Member vun WGA West

Den John Adam Belushi, gebuer de 24. Januar 1949 zu Chicago, a gestuerwen de 5. Mäerz 1982 zu West Hollywood, war en US-amerikanesche Sänger a Filmschauspiller.

Hie gouf bekannt duerch seng Optrëtter an der amerikanescher Tëleesemissioun Saturday Night Live op NBC a seng Roll als chaotesche Student am Film Animal House (1978).

An Europa war e besonnesch duerch seng Roll als ee vun den zwéi Blues Brothers bekannt, als deen en zesumme mam Dan Aykroyd an enger Brochette vu bekannte Blues a Soul-Museker opgetrueden ass an och am Film mam nämmlechten Numm (Regie: John Landis) matgespillt huet.

De John Belushi ass an am Chateau Marmont un enger Drogevergëftung gestuerwen.

Hie war de Brudder vum Bluesmuseker a Schauspiller James Belushi.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Discographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

mat The Blues Brothers[änneren | Quelltext änneren]

  • Briefcase Full of Blues (Atlantic, 1978) (mat de Blues Brothers)
  • The Blues Brothers: Music from the Soundtrack (Atlantic, 1980)
  • Made in America (Atlantic, 1980)
  • Best of The Blues Brothers (Atlantic, 1981)
  • Dancin' wid da Blues Brothers (Atlantic, 1983)
  • Everybody Needs the Blues Brothers (Atlantic, 1988)
  • The Definitive Collection (Atlantic, 1992)
  • [[The Very Best of The Blues Brothers (Atlantic, 1995)
  • The Blues Brothers Complete (Atlantic, 2000)
  • The Essentials (Atlantic, 2003)

Comedy-Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • The Missing White House Tapes (National Lampoon, 1974)
  • National Lampoon Gold Turkey ((National Lampoon, 1975)
  • NBC's Saturday Night Live (Arista, 1976)
  • National Lampoon That's Not Funny, That's Sick ((National Lampoon, 1977)
  • Greatest Hits of the National Lampoon (National Lampoon, 1978)
  • National Lampoon White Album (National Lampoon, 1979).