John Cockerill

Vu Wikipedia
John Cockerill
Gebuer 3. August 1790
Gestuerwen 9. Juni 1840
Warschau
Doudesursaach Typhus
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Belsch
Aktivitéit Entreprener, Banquier, Erfinder, Industriellen
Famill
Papp William Cockerill
Geschwëster James Cockerill, William Cockerill
John-Cockerill Statu virum Stadhaus zu Seraing vum Armand Cattier

Den John Cockerill, gebuer den 3. August 1790 zu Haslingden a gestuerwen den 19. Juni 1840 zu Warschau, war e britteschen Industriellen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie koum 1797 mat sengem Papp William Cockerill an d'Belsch a si hunn zu Verviers an enger Dependance vum Simonis senger Fabrick um Lieu-dit au Chat gewunnt, an zwar do wou spéider d'Millen Moulin Dauchat déi bis 1920 funktionéiert huet, stoung. Do hu si fir de Simonis an de Biolley mecaniséiert Wiefstill a Spënnereiinstallatiounen entwéckelt.

1817 huet den John Cockerill zesumme mat sengem Brudder Charles James d'Schlass vu Seraing kaaft, nodeem e vum Wëllem I. vun Holland den Optrag kritt hat, an der Géigend vu Léck d'Stolindustrie ze developpéieren. Hien huet do als Éischten en Héichuewe baue gelooss, dee mat à Coke amplaz mat Holz bedriwwe gouf. 1824 huet e mat sengem Brudder zu Antwerpen d'Schëffsarsenal Cockerill Yards (méi spéit Hoboken genannt) gegrënnt. 1825 huet den James Cockerill seng Parten dem Kinnek vun Holland verkaaft.

An der Belscher Revolutioun war hien de Leader vun den Orangisten, mä hie konnt seng Schmelzen zu Seraing behalen, déi him eleng gehéiert hunn.

1834 huet d'Belsch ugefaangen, säin Eisebunnsreseau op- an auszebauen, fir d'Blockad vun der Schelde-Mëndung duerch d'Hollänner z'ëmgoen. D'Schmelzen a Fabricke vum John Cockerill hunn déi éischt Schinnen, Waggonen a Lokomotiven um europäesche Festland gebaut. Och aner metalle Konstruktiounen, wéi Brécken a Schëffer, goufe vum Cockerill senge Konstruktiounsateliere produzéiert.

Déi éischt Lokomotiv an der Belsch, an um Festland vun Europa iwwerhaapt, gouf 1835 an den Ateliere vu Cockerill zu Seraing gebaut. Si krut den Numm Le Belge.

Hien huet och eng Bank gegrënnt, déi awer 1838 faillite goung. Trotzdeem huet hien et duerno fäerdeg bruecht, en Industriekomplex opzebauen, deen den éischten integréierte Komplex vun där Zort war: E bestoung aus Héichiewen, Géissereien, Walzwierker a Schmëtten, bis hin zu den Atelieren, wou fäerdeg Produkter zesummegebaut goufen. Dee war no bei de Kuelen- an Äerzgrouwen, a war un d'Eisebunnsnetz an iwwer d'Meuse verkéierstechnesch ugebonnen.

Seng Gesellschaft hat bis zu 60 Néierloossungen uechter d'Welt.

De 4. September 1813 hunn den John a säi Brudder James sech mat zwou Sëschtere bestuet. Dem John seng Fra war d'Frédérique (Jeanne) Pastor, an dem James seng war d'Caroline (Elisabeth), allen zwee zu Burtscheid op d'Welt komm. Déi zwou Sëschtere koumen aus der räicher Pastor-Famill a waren d'Meedercher vum Philipp Heinrich Pastor a senger Fra Amalie Henriette Platte, Besëtzer vun enger Nolefabrick, a si waren d'Kusinne vum Industrielle Gustave Pastor deen zu Seraing eng Garfabrick hat a méi spéit Generaldirekter vun der Cockerill S.A gouf.

Den John Cockerill ass 1840 un Typhusféiwer op enger Geschäftsrees zu Warschau gestuerwen. Seng abalsaméiert Läich gouf 1867 op Seraing iwwerfouert an um fréiere Kierfecht, an der Rue de la Glacière bäigesat.[1]. Praktesch gläichzäiteg koum d'Iddi op fir him e Monument zu Seraing opzeriichten. Dat Monument gouf den 22. Oktober 1871 ageweit. 1947 goufen dem John Cockerill seng stierflech Iwwerreschter an e Caveau virum Monument transferéiert. Hien ass den eenzege Cockerill deen zu Seraing begruewe läit. Déi aner Membere vun der Famill leien um Kierfecht zu Spa.

No sengem Doud goufen d'Geschäfter vum Gustave Pastor weidergefouert.

Déi vun him gegrënnt Schmelze bestinn zum Deel bis haut. No sengem Doud hu si sech als S.A. Cockerill-Ougrée weiderentwéckelt, déi méi spéit Cockerill-Sambre housch. Dës gouf 1998 vun Usinor iwwerholl, déi 2002 mat zu der Arcelor fusionéiert huet an zanter 2006 zu der ArcelorMittal gehéiert. D'Traditioun vum Numm Cockerill gëtt bis haut bei Cockerill Maintenance & Ingénierie virugefouert.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Cockerill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Seraing et son Patrimoine Archivéiert op 2011-05-14. Gekuckt de(n) 2011-05-14.