John Forbes Nash, Jr.

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) John F. Nash Jr.)
John Forbes Nash, Jr.
Gebuer 13. Juni 1928
Gestuerwen 23. Mee 2015
Doudesursaach Autosaccident
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit
Aktivitéit Mathematiker, Ekonomist, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften


Den John Forbes Nash, Jr., gebuer den 13. Juni 1928 zu Bluefield, am West Virginia, a gestuerwen den 23. Mee 2015 bei Monroe Township, am New Jersey, war en US-amerikanesche Mathematiker. Hien huet haaptsächlech an den Domainë vun der Spilltheorie an der Differentialgeometrie geschafft, souwéi och um Gebitt vun de partiellen Differentialequatiounen.

1994 huet hien zesumme mam Reinhard Selten an dem John Harsanyi de sougenannten Nobelpräis fir Ekonomie kritt, fir hir Leeschtunge ronderëm d'Spilltheorie. 2015 krut hien den Abelpräis, ee vun de wichtegste Wëssenschaftspräisser am Domaine vun der Mathematik.

E puer Joer nom Ufank vu senger Mathematiker-Carrière ass den Nash, mat drësseg Joer, u Schizophrenie erkrankt. Ufank vun den 1990er Jore konnt e sech dervun erkréien. 2001 ass seng Geschicht duerch de Film A Beautiful Mind engem gréissere Public bekannt ginn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Mam Edward Elgar (ed.): Essays on Game Theory. 1996, ISBN 1-85898-426-2
  • The essential John Nash, W. Kuhn and Sylvia Nasar (ed.), Princeton University Press, 2002, ISBN 0-691-09527-2

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sylvia Nasar: A beautiful mind, Simon and Schuster 1998 (de: Genie und Wahnsinn. Das Leben des genialen Mathematikers John Nash. Piper Verlag, München 2005, ISBN 3-492-23674-X).
  • Tom Siegfried: A Beautiful Math: John Nash, Game Theory and the modern quest for a code of nature, Washington D. C., Joseph Henry Press 2006

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Forbes Nash Jr. – Biller, Videoen oder Audiodateien