Op den Inhalt sprangen

John Muller

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
John Muller
Gebuer 22. November 1943
Wolz
Gestuerwen 30. Juli 2002
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker, Lycéesprofesser

De John Muller, gebuer den 22. November 1943 zu Wolz a gestuerwen den 30. Juli 2002, war e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a Lycéesprofesser.

Vun 1970 bis 2002 huet hien als "professeur-ingénieur" am Lycée du Nord zu Wolz Schoul gehalen. Vun 1992 bis 1994 war hien "attaché à la direction" a vun 1994 bis 2001 "directeur adjoint".

Bei de Gemengewalen 1975 gouf de John Muller an de Gemengerot gewielt. Vun 1993 bis 1999 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Wolz. Bis zu sengem Doud war hie Member am Gemengerot.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. „Durich 200 Joer Weeltzer Geschicht gebleedert“, Emile Lutgen, 2016. Säit 383 ff.