John Schummer
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
John Schummer | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 5. September 1951 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Handballspiller |
Partei | Demokratesch Partei |
De John Schummer, gebuer de 5. September 1951[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (DP) a fréieren Handballspiller.
1969 war de Schummer fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet 14-mol an der Nationalekipp gespillt, an dobäi 37 Goler geschoss.[2]
1976 gouf hien Employé an der Direktioun vun der deemoleger Generalbank[3] an ass zanter 2011 Direkter vun der Fondation Kräizbierg zu Diddeleng.[4]
Hie war vum 14. Juli 1992 bis 2004 Deputéierten an der Chamber an ass Gemengeconseiller an der Gemeng Koplescht[5].
An der Period 2001-2002 war hie President vum Benelux-Parlament.
De John Schummer ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.[3]
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1997)[6]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 392
- ↑ http://web.archive.org/web/20170629041236/http://www.flh.lu/index.php?site=page&id=sats-1946-2016-28049
- ↑ 3,0 3,1 "Entretien avec John Schummer". Magazine Echo 2009-2.
- ↑ Contact op kraizbierg.lu, gekuckt 2013-01-01.
- ↑ Le conseil communal op kopstal.lu (gekuckt 2013-01-01)
- ↑ Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn