Johny Fonck

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Jean Fonck oder Johny Fonck, oder och nach Johnny Fonck, gebuer den 30. November 1920 zu Beggen a gestuerwen de 17. Juli 2008 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Foussballspiller [1], Liichtathlet an Olympionik.[2]

Hien hat bis virum Zweete Weltkrich fir d'Spora Lëtzebuerg gespillt. Nom Zweete Weltkrich ass hien op Lyon geplënnert, wou en fir den FC Lyon als Mëttelfeldspiller gespillt huet, a gläichzäiteg Trainer war. Hien huet den 10. Mäerz 1940 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt.[3]

Hien huet Lëtzebuerg am Hürdelaf op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden.[4] Hie war de Lëtzebuerger Rekordhalter am Hürdelaf iwwer 110 m (1947 - 1958), iwwer 200 m (1949 - 1960) an iwwer 400 m (1949 - 1960).

1952 bei den olympesche Spiller, huet hien de Josy Barthel betreit.

1953 huet hie sech mat der Cécile Barthel, der Schwëster vum Josy Barthel, bestuet.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Jean Fonck op der Websäit Weltfussball.de
  2. De Johny Fonck op der Websäit sports-reference.com
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jean Fonck op der Websäit vun European Football
  4. De Johny Fonck op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  5. 30-06-2008: Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur