Jorge Semprún

Vu Wikipedia
Jorge Semprún
Pseudonym Federico Sánchez
Gebuer 10. Dezember 1923
Madrid
Gestuerwen 7. Juni 2011
Paräis
Nationalitéit Spuenien, Frankräich
Educatioun Lycée Henri IV
Aktivitéit Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Politiker, Philosoph
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Loleh Bellon

De Jorge Semprún Maura gebuer den 10. Dezember 1923 zu Madrid a gestuerwen de 7. Juni 2011 zu Paräis, war e spuenesche Schrëftsteller a Politiker. Hien huet meeschtens op Franséisch geschriwwen. Tëscht 1988 an 1991 war hie Kulturminister a Spuenien.

De Jorge Semprún ass als véiert vu siwe Kanner an enger lénks-liberaler Famill opgewuess. Am Spuenesche Biergerkrich huet d'Famill sech a Frankräich installéiert. De Semprún goung no 1939 zu Paräis an de Lycée Henri IV an huet duerno op der Sorbonne Philosophie studéiert.

Nodeem Nazi-Däitschland Frankräich besat hat, ass de Semprún 1941 der kommunistescher Resistenz-Organisatioun Francs-tireurs et partisans, bäigetrueden. Méi spéit gouf e Member vun der Partido Comunista de España. 1943 gouf e vun der Gestapo festgeholl, gefoltert an duerno an d'KZ Buchenwald geschéckt.

Nom Zweete Weltkrich goung de Semprún hannescht op Paräis an huet do bis 1952 als Iwwersetzer bei der UNESCO geschafft. Vun 1953 bis 1962 war hien e wichtege Koordinator an der Spuenescher KP, déi am Ënnergrond géint dem Franco säi Regime gekämpft huet. An den 1950er Jore gouf hien e wichtege Kader an der PCE - hie war ë. a. Member vum Exekutivcomité -, mä huet sech dunn awer vun der Partei an hirer Doktrin ëmmer méi distanzéiert a sech virun allem op d'Schrëftstellerei konzentréiert.

1978 ass de Semprún a Spuenien zeréckgaangen an huet déi spuenesch Nationalitéit nees ugeholl. Vun 1988 bis 1991 war e Kulturminister (ouni Parteimember ze sinn) ënner dem sozialistesche Premier Felipe González.

1996 gouf de Semprún an d'Académie Goncourt opgeholl. Hie krut eng Hellewull Präisser fir säi literarescht Wierk a krut 2007 d'Éierendoktorat vun den Universitéite vu Potsdam a Rennes 2.

Säi Wierk ass dacks autobiographesch inspiréiert, wéi säin éischt Buch vun 1963 Le Grand Voyage oder Quel beau dimanche! (1980) an deenen en ë. a. iwwer seng Gefaangenschaft am KZ Buchenwald schreift. Hien huet sech och mat den totalitären Ideologië vum 20. Joerhonnert, dem Faschismus an dem Kommunismus kritesch ausernee gesat. Weider huet hie Filmdréibicher geschriwwen, dorënner fir La guerre est finie (1966) vum Alain Resnais an Z (1969) vum Costa-Gavras.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jorge Semprún – Biller, Videoen oder Audiodateien