Op den Inhalt sprangen

José Mujica

Vu Wikipedia
José Mujica
Gebuertsnumm José Alberto Mujica Cordano
Gebuer 20. Mee 1935
Montevideo
Gestuerwen 13. Mee 2025
Montevideo
Nationalitéit Uruguay
Aktivitéit Politiker, Bauer, Zeechner, Partisan

De José ("Pepe") Mujica gebuer den 20. Mee 1935 zu Montevideo, an och do den 13. Mee 2025 gestuerwen, war en uruguayanesche Politiker. Hie war vun 2010 bis 2015 President vun Uruguy.

De3 Mujica war an den 1960er an 1970er Joere Guerillero vun den Tupamaros a gouf dowéinst ënnert der Militärtdiktatur als Geisel gehal an och gefoltert. Wéi d'Demokratie nees agefouert gouf, huet hien zesumme mam Movimiento de liberación nacional Tupamaros (MLN-T) de Movimiento de participación popular (MPP) mat oppgebaut.

1995 gouf hien zum Deputéierten an 2000 zum Senator gewielt. 2005 gouf hien zum Landwirtschaftsminister an der Regierung Vázquez ernannt. 2009 huet hien am zweeten Tour d'Presidentschaftswale gewonnen. HIen huet vill Priviliegien déi ëm wéinst senger Funktioun zoustoungen, refuséiert, a sech aktiv fir eng pragmatesch, sozial-demokratexch Politik agesat. Well en der Verfassung no net nach emol fir President kandidéiere konnt, gouf hien nach eng Kéier Senator.

 Commons: José Mujica – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]