Josef Ackermann (SA-Member)
Josef Ackermann | |
---|---|
Gebuer | 26. Abrëll 1905 |
Gestuerwen | 5. Mäerz 1997 |
Nationalitéit | Däitschland, Däitscht Räich |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | NSDAP |
Member vun | Sturmabteilung |
De Josef Ackermann, gebuer de 26. Abrëll 1905 zu Arenberg bei Koblenz, a gestuerwen de 5. Mäerz 1997 zu Vallendar a Rheinland-Pfalz, war en däitsche Geschäftsmann, Deputéierten am Reichstag (NSDAP) an SA-Brigadeführer.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Ackermann war de Jong vun engem Bauer. Hien huet tëscht 1911 an 1919 eng Volksschule an dono eng kaufmännische Handelsschule gemaach. Den 19. Oktober 1925 gouf hie Member vun der NSDAP (Membersnummer 21.065)[1] an huet do, bis un d'Enn vum "Drëtte Räich", Karriär gemaach. Hie gouf Gauredner, an, wéi d'Nationalsozialiste bis under Muecht waren, 1936 Gauinspekteur ënner dem Gauleiter Gustav Simon am Gau Koblenz-Trier, dat 1941 a Gau Moselland ëmbenannt gouf. Do war hie vun November 1942 bis Mee 1944 kommissaresch Gauhauptamtsleiter für Kommunalpolitik.
Nom Iwwerfall op Lëtzebuerg am Mee 1940 gouf de Gauleiter Simon och Chef der Zivilverwaltung (CdZ) zu Lëtzebuerg; an den Ackermann huet do zum Simon senger Ekipp gehéiert. Hie gouf am Dezember 1940 zum Sonderbeauftragter für die Verwaltung des jüdischen und Emigrantenvermögens ernannt a gouf Chef vun der Abteilung IV A, déi sech mat der "Ariséierung" vu jiddeschem Verméige beschäftegt huet.[2],[3]
Den Ackermann war och Member vu der SA, wou en den 9. November 1938 zum SA-Oberführer an den 9. November 1943 zum SA-Brigadeführer befördert gouf. Den 9. Dezember 1941 ass hie fir den Detlef Dern aus Neuwied an de Reichstag nogeréckelt, nodeems e schonns, ouni Succès, bei de Walen 1936 an 1938 Kandidat fir dohinnner war.
Am Fréijoer 1945 gouf den Ackermann zu Arenberg anscheinend net an e Loftschutzstollen eragelooss, well hie virdrun e verwonnten Zaldot vun der Wehrmacht soll ugegraff hunn.[4] Nom Enn vum krich gouf hie vun den Alliéierten internéiert an dunn u Lëtzebuerg ausgeliwwert. Do krut hien de Prozess gemaach a gouf den 21. Juli 1950 zu 10 Joer Zwangsaarbecht veruerteelt. Den 23. Abrëll 1951 gouf seng Strof op 7 Joer Prisong erofgesat. An der éischter Hallschecht vun den 1950er Joeren ass hien entlooss ginn an en ass an Däitschland zeréck gaangen; méiglecherweis war em seng Internéierung a seng Untersuchungshaft ugerechent ginn.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Blandine Landau: À la recherche des juifs spoliés : pillages et aryanisation au Luxemboug pendant la Seconde guerre Mondiale. Thèse de doctorat, Paris, EHESS an Université du Luxembourg, soutenance vum 28.03.2024, S.237ff. [PDF].
- Joachim Lilla, Martin Döring, Andreas Schulz: Statisten in Uniform: Die Mitglieder des Reichstags 1933–1945. Ein biographisches Handbuch. Unter Einbeziehung der völkischen und nationalsozialistischen Reichstagsabgeordneten ab Mai 1924. Droste, Düsseldorf 2004, ISBN 3-7700-5254-4, S. 3.
- Franz Maier: Biographisches Organisationshandbuch der NSDAP und ihrer Gliederungen im Gebiete des heutigen Landes Rheinland-Pfalz. (= Veröffentlichungen der Kommission des Landtages für die Geschichte des Landes Rheinland-Pfalz, Band 28) Hase & Koehler, Mainz 2007, ISBN 3-7758-1407-8, S. 114–115.
- Michael Rademacher: Handbuch der NSDAP-Gaue 1928 - 1945 : die Amtsträger der NSDAP und ihrer Organisationen auf Gau- und Kreisebene in Deutschland und Österreich sowie in den Reichsgauen Danzig-Westpreußen, Sudetenland und Wartheland. Lingenbrink, Vechta 2000, ISBN 3-8311-0216-3.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche Josef Ackermann an der Rheinland-Pfälzische Personendatenbank, rppd.lobid.org (nogekuckt: 07.12.2024.)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Bundesarchiv R 9361-IX KARTEI/80238
- ↑ Marc Schoentgen: The Greater German Reich and the Jews: Nazi Persecution Policies in the Annexed Territories 1935-1945, Hrsg. Wolf Gruner und Jorg Osterloh, Berghahn Books 2015, ISBN 1782384448, S. 300
- ↑ Commission spéciale pour l’étude des spoliations des biens juifs au Luxembourg pendant les années de guerre 1940-1945: La spoliation des biens juifs au Luxembourg 1940-1945, rapport intermédiaire. Luxembourg, 15 juillet 2007, S.19ff. (PDF).
- ↑ arenberg-info.de
- Dësen Artikel gouf ugeluecht als eng Iwwersetzung vun de:Josef Ackermann (SA-Mitglied), an der Versioun vum 7. Dez. 2024. Auteure stinn do am Versiounshistorique.