Joseph-Émile Muller

Vu Wikipedia
Joseph-Émile Muller
Gebuertsnumm Emile Joseph Muller
Gebuer 20. Mäerz 1911
Kielen
Gestuerwen 31. Dezember 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Konschthistoriker

De Joseph-Émile Muller, gebuer den 20. Mäerz 1911 zu Kielen a gestuerwen den 31. Dezember 1999 zu Berbuerg, war e lëtzebuergesche Konschtkritiker an Auteur. Hie war Konservator an der section des beaux-arts am Nationalmusée.[1] Hie war ënner de Pseudonymen Ioseph-Émile, Bert Helmuth, Kurt Reinholdt, Helmut Gunter oder nach Helmut Kuno Beck bekannt.

No senger Premiere 1929 am Athénée de Luxembourg ass en an d'Assurancewiese schaffe gaangen. 1945 ass hie vum Pierre Frieden, deemolege Minister, zum Zoustännege fir de service d'éducation esthétique am MNHA ernannt ginn. Duerno war hien Direkter vum service des beaux-arts. Hien huet eng sëllege Konferenze gehalen, ënner anerem zu Lëtzebuerg, Bréissel, Antwerpen, Paräis a Moskau. En ass e puermol wärend de Konferenzen zu Lëtzebuerg vum Batty Weber als Kommunist vernannt ginn, well hien déi deemoleg ëffentlech Uerdnung a Fro gestallt huet.

1977 huet hien d'Association des Amis du Musée National d'Histoire et d'Art nei gegrënnt, déi am zweete Weltkrich verbuede gi war, a war och hire President bis 1991.[2] Hien huet och d'Organisatioun Aica Luxembourg gegrënnt, déi lëtzebuergesch Sektioun vun der internationaler Associatioun vun de Konschtkritiker.[3]

De Joseph-Émile Muller war e groussen Ënnerstëtzer vum Joseph Kutter an huet 1945, 1946, 1967 an 1981, am Ganze véier Monographien iwwer de Kutter erausginn.

1988 krut hien d'Paul-Henkes-Medail fir säin Engagement am Déngscht vun der Lëtzebuerger Kultur.

Seng lescht Joren huet hien am Hospiz vu Berbuerg verbruecht, wou e senger Sekretärin seng Biographie Zuerst im Schatten, dann im Licht diktéiert huet. Hien ass do den 31. Dezember 1999 gestuerwen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • "Robert Thill: "Joseph-Emile Muller (1911-1999) – Vom linksradikalen Literaten zum profilierten Kunstkenner. Sein Einsatz für deutsche Exilliteratur und antifaschistische Autoren in den 1930er Jahren." In: Aufbrüche und Vermittlungen: Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Nouveaux horizons et médiations: Contributions à l'histoire littéraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. Herausgegeben von Claude D. Conter & Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthetis Verlag, 2010, S.535-556.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Romain Hilgert: Erinnerungen eines Intellektuellen und Kunstpapsts, d'Lëtzebuerger Land, 4. Februar 2000
  2. www.amisdesmusees.lu Gearchiveerd op 2012-01-27. Gekuckt de(n) 2010-01-24.
  3. www.aica-luxembourg.lu Gearchiveerd op 2009-08-05. Gekuckt de(n) 2010-01-24.