Joseph Antoine Schroell

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Antoine Schroell
Gebuer 1798
Tréier
Gestuerwen 1865
Dikrech
Aktivitéit Drécker
Famill
Kanner Théophile Schroell

De Joseph Antoine Schroell, gebuer 1798 zu Tréier a gestuerwen 1865 zu Dikrech, war en Drécker an Zeitungsediteur zu Lëtzebuerg.

Hien ass 1822 op Iechternach geplënnert, an 1832 op Dikrech. Do huet hien, no enger Proufnummer datéiert de 25. Februar 1837, den 3. Mäerz 1837 déi éischt Zeitung zu Lëtzebuerg erausginn, déi net an der Stad Lëtzebuerg erauskoum: d'Wochen-Blatt für Bürger und Landleute, dat spéider an Diekircher Wochenblatt ëmgenannt gouf a vun 1849 un den Titel Der Wächter an der Sauer hat.