Joseph Baldauff
Ausgesinn
| Joseph Baldauff | |
|---|---|
| Gebuer |
20. Mäerz 1792 Iechternach |
| Gestuerwen |
16. September 1846 Iechternach |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Geschäftsmann |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
| Famill | |
| Kanner | Ferdinand Baldauff |
|
| |
De Joseph Evrard Baldauff, gebuer zu Iechternach den 20. Mäerz 1792[1] an do gestuerwen de 16. September 1846 am Alter vu 54 Joer, war en Iechternacher Händler.[2]
Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 16. Oktober 1828[3] bis de 7. November 1830, a vum 26. August 1839 bis de 7. Mäerz 1843.[2]
Seng Eltere waren de Joseph Baldauff an d'Marguerite Tschiderer (Schieder).[2] Hien huet sech de 25. August 1819 zu Dikrech mat der Suzanne Tschiderer (Tschiederer) bestuet[1] a war de Papp vum Dokter Ferdinand Baldauff (1830-1866).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 71. Kuckt och: Deltgen Genealogy.
- 1 2 3 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
