Joseph Charles Namur

Vu Wikipedia
Joseph Charles Namur
Gebuer 25. Juni 1847
Iechternach
Gestuerwen 25. Januar 1903
Zürich
Famill
Papp Joseph Namur
Geschwëster Léon Namur
Wikidata-logo-without-paddings.svg


De Pierre Joseph Charles Namur, gebuer zu Iechternach de 25. Juni 1847, a gestuerwen de 25. Januar 1903 zu Zürech, war en Apdikter an der Stad Lëtzebuerg. Hie war de Fils vum Joseph Namur an den Enkel vum Jean-Pierre Namur[1].

Den 31. Dezember 1868 ass hien zu Lëtzebuerg als Apdikter ugeholl ginn. Hien huet duerno an der Apdikt vu sengem Grousspapp, der « Pharmacie du Cerf » zu Iechternach, geschafft[2]. 1875 huet hien d'Adler-Apdikt an der Stad kaaft, déi do am Joer 1838 vum Anatole Richard (1814-1882)[3] gegrënnt gi war.

Am Joer 1900 huet de Jos.-Ch. Namur sengem Fils Prosper Namur, gebuer zu Lëtzebuerg den 29. Oktober 1875, d'Apdikt iwwerlooss a sech an d'Schwäiz zeréckgezunn[4].

De Jos.-Ch. Namur war Member vun der botanescher Gesellschaft (Société de botanique)[5].

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H. (2005): Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag: 653-1342. [J.C. Namur: S. 1129f]
  • Liez, N. (1886): Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Avec une biographie du Docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 p. [J.C. Namur: S. 93; A. Richard: S. 115]
  • Massard, J.A. (1992): Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul: 481-558. [J.C. Namur: S. 491].
  • Toelle, A. (1920): Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Großherzogtum Luxemburg. Luxemburg, V. Buck, 19 p. [Hirsch-Apotheke: S. 10; Adler-Apotheke: S. 13f]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Liez 1886, S. 93; Massard 1992, S. 491; Kugener 2005, S. 1129-1130.
  2. Cf. Memorial 1869 (II), S. 164 ; Massard 1992, S. 491.
  3. Kugener 2005, S. 1300; Liez 1886, S. 115.
  4. Kugener 2005, S. 1130.
  5. Liez 1886, S. 98, Massard 1992, S. 491.