Joseph Felten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De François Joseph Felten, gebuer de 16. Mee 1888 zu Bouferdeng a gestuerwen den 23. Juli 1919 zu Merscheet, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[1]

De Joseph (Joss) Felten war vun 1908 bis 1915 Schoulmeeschter zu Merscheet a vum Schouljoer 1915/1916 un zu Esch-Uelzecht, wou hie schonns am Oktober 1914 eng Nominatioun kritt hat, mä eréischt 1915 ugetrueden ass.[2]

De Felten war Sekretär vum Escher Volleksbildungsveräin. Hien ass den Auteur vun enger Publikatioun iwwer d'ländlech Volleksbibliothéiken, en Thema, op dat hien och a Versammlungen, déi den Escher Volleksbildungsveräin organiséiert huet, agaangen ass, z.B. den 12. Dezember 1915 zu Zolwer an zu Bieles.[3]

De Felten ass den Auteur vum Theaterstéck Mengt Grêtche. Hien huet och kleng literaresch Kontributiounen an Zeitungen publizéiert, z.B. Sylvestergedanken am Landwirt (1908)[4] oder Nanny. Eine Weihnachtsskizze am Escher Tageblatt (1916).[5]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ländliche Volksbibliotheken. Beitrag zur Lösung der Volksbildungsfrage. Victor Bück, Luxemburg 1915.
  • Mengt Grêtche. Charakterstéck an 2 Akten fum J. Felten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2017. Émile Molling (1889-1971), instituteur à Bettembourg, ornithologue et amateur de botanique. In: Beetebuerg am Laf vun der Zäit, VI. Geschichtsfrënn aus der Gemeng Beetebuerg, Beetebuerg, S. 56-63.
  • Molitor, M., 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung. Luxemburg, 157 S.
  • Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Molitor 1931, S. 132; Spedener 1937, S. 24; Massard 2017, S. 58.
  2. Massard 2017, S. 58; Luxemburger Wort 1914-11-02, S. 3 (Esch a. d. Alz., 1. Nov. [1]
  3. Escher Tageblatt 1915-12-11, S. 3 (Zolver, 11. Dez. / Beles, 11. Dez.) [2]; Escher Tageblatt 1915-12-14, S. 4 (Beles-Zolver, 13. Dez. Versammlungen). [3]
  4. Molitor 1931, S. 133.
  5. Laut dem Michel Molitor (1931, S. 133), wier de Felten den Auteur vun dëser Geschicht, déi am Escher Tageblatt 1916-12-26, S. 2, ënner dem Pseudonym Macte publizéiert ginn ass. [4] De Molitor zitéiert nach Titele vun 1910 an 1911, déi och am Tageblatt erschénge wieren; do klappt eppes net, well d'Tageblatt eréischt vun 1913 un erauskomm ass.