Joseph Görres

Vu Wikipedia
Joseph Görres
Gebuertsnumm Johann Joseph Görres
Pseudonym Peter Hammer
Gebuer 25. Januar 1776
Koblenz
Gestuerwen 29. Januar 1848
München
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Schrëftsteller, Historiker, Universitéitsprofesser, Journalist, Politiker, Literaturhistoriker
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie

De Joseph Görres, gebuer de 25. Januar 1776 zu Koblenz, a gestuerwen den 29. Januar 1848 zu München, war en däitsche politesche Publizist.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Görres op d'Welt koum, war Koblenz Residenzstad vum Äerzstëft Tréier ënner dem Kurfürst-Äerzbeschof Clemans Wenzeslaus vu Sachsen. Dem Görres seng Mamm war Italieenerin a säi Papp huet aus enger Famill vu Wënzer, Klengbaueren an Händler gestaamt, a war en Holzhändler, dee sech gutt stoung. De klenge Joseph war sech selwer iwwerlooss an a sengem Heemechtshaus gouf et kaum Bicher. Am Kolléisch zu Koblenz huet hie sech fir Geographie, Geschicht a fir Naturwëssenschaften intresséiert.

1793 huet de Görres d'Schoul stoe gelooss, fir op Bonn ze goen, an do Medezin ze studéieren. Doraus ass et wéinst de politeschen Onrouen näischt ginn, an hien ass bis 1799 doheem bliwwen, wou hie sech autodidaktesch an der Medezin, Mathematik an Naturwëssenschafte weidergebilt huet.

De Görres, dee vu Jonktem u schwäermerech Iddien hat, ass duerch d'Franséisch Revolutioun an e Begeeschterungstommel gefall. No der franséischer Belagerung vum Rhäinland 1794, ass de Görres an d'Ëffentlechkeet gaangen, fir senger Freed iwwer Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet Ausdrock ze ginn. Déi Zäit huet hie vill Schrëfte publizéiert an en ass iwwer déi "iwwerliefte" Strukture vu Staat a besonnesch der kathoulescher Kierch hiergefall.

D'Görres-Monument zu Koblenz

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Aphorismen über Kunst, 1802
  • Über den Fall Teutschlands und die Bedingungen seiner Wiedergeburt, 1810
  • Mythengeschichten der asiatischen Welt, 1810
  • Rheinischer Merkur (Ed.), 1814-1816, Zäitschrëft
  • Teutschland und die Revolution, 1819
  • Beantwortung der in den jetzigen Zeiten für jeden Teutschen besonders wichtigen Frage: Was haben wir zu erwarten?, 1814
  • Europa und die Revolution, 1821
  • Athanasius, 1838
  • Die christliche Mystik, 1836/42, éischt Oplo a 4 Bänn, 1879, zweet Oplo a 5 Bänn bei G.J. Manz München-Regensburg
  • Der Dom von Köln und das Münster von Strasburg, 1842
  • Historisch-politische Blätter für das katholische Deutschland (Ed.), Zäitschrëft
  • Aspecten an der Zeitwende. Zum neuen Jahre 1848, 1848

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph von Görres – Biller, Videoen oder Audiodateien