Joseph Lorenzo Philippe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Joseph Laurent Philippe)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Bëschof Joseph Philippe
De Wope vum Bëschof Philippe
D'Grafplack vum Bëschof Philippe an der Krypta vun der Kathedral

De Joseph Lorenzo Philippe, gebuer den 28. Mee 1877 am Rollengergronn (haut Stad Lëtzebuerg) als eenzege Jong vum Corneille Philippe an Anna Speyer, a gestuerwen no laanger Krankheet (Arthritis) den 21. Oktober 1956 zu Lëtzebuerg, war de 4. Bëschof vu Lëtzebuerg.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp Corneille war Aarbechter, Voiturier a Steebrochbesëtzer an ass 1881 mat 34 Joer gestuerwen, de Joseph Lorenzo hat grad 4 Joer. Seng Kandheet huet hien du mat senger Schwëster bei der Bomi zu Nidderfeelen verbruecht.

Hien huet säi Secondaire an der École Apostolique vun den Häerz-Jesu Pateren zu Clairefontaine gemaach an den 2. September 1889 ass hien och do an d'Kongregatioun agetrueden.

Säi Studium huet hie fir d'éischt an enger Schoul fir Missionären zu Saint-Quentin (Frankräich) gemaach, ier hie säin Theologiestudium am Séminaire Saint-Sulpice zu Issy-les-Moulineaux bei Paräis mat engem Doktorat am Joer 1900 ofgeschloss huet.

Den 28. Mee 1904 gouf hien zum Geeschtleche geweit.

1925, nom Doud vum Pater Léon Dehon, dem Grënner vun den Häerz-Jesu Pateren, gouf de Père Philippe SCJ deem säin Nofolger als Pater Generol vun der Kongregatioun. Hien huet déi Funktioun bis de 24. Oktober 1935 behalen.

De 25. Abrëll 1935 gouf hien zum Titularbëschof vun Tinum a Koadjutor vum Bistum Lëtzebuerg ernannt. Tinum ass den Numm vun enger fréierer Diözes an Dalmatien, déi et scho laang net méi gëtt. Den Titel Titularbëschof ass en Éierentitel, dee keng Funktioun mat sech bréngt. Et ass de Brauch, datt dësen Éierentitel mam Numm vun enger fréierer Diözes verbonne gëtt.

Den 9. Juni 1935 gouf hien zu Roum op Päischten zum Bëschof geweit. Hie war vum 9. Oktober 1935 bis zu sengem Doud Bëschof vu Lëtzebuerg. Hie gouf de 25. Oktober 1956 mat grousser Bedeelegung vun alle Volleksschichten an der Krypta vun der Kathedral begruewen. Säin Nofolger gouf de Léon Lommel.

Wierken[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Bëschof Philippe gëtt d'Kathedral an de Joren 1935 bis 1938 vergréissert.

De Bëschof Philippe ass fir d'strikt Trennung vu Kierch a Politik agetrueden: de 24. Juni 1936 huet e bei kierchleche Begriefnesser dat ëffentlecht Droe vum »roude Fändel« verbueden, d'Zeeche vun de militanten, antiklerikalen, sozialisteschen a kommunisteschen Aarbechterverbänn.

Hie gouf staark kritiséiert, well hien am Zweete Weltkrich keng ëffentlech Stellungnam géint déi ënner der Zivilverwaltung vum Gustav Simon getraffe Moossname virgedroen huet. Hien ass sech bewosst, als der große Schweiger, déi lescht Autoritéit am Land iwwereg bliwwen ze sinn. Am Film Der neunte Tag, iwwer d'KZ-Erliefnesser vum Abbé Jean Bernard, gëtt dës Haltung vum Bëschof Philippe, dee mat de Lëtzebuerger leit, illustréiert: Hie protestéiert géint d'Nazien andeems hien d'Klacke laude léisst. Zanter 1941 verschlëmmert sech seng Krankheet.

Hien huet eng Rëtsch Artikelen zu reliéisen Theme verëffentlecht.

Hien huet sech als Bëschof vun de Séile verstanen a wollt kee politeschen a parteigebonnenen Hiert sinn. Sou ënnerstëtzt hien d'Kathoulesch Aktioun.

Et geléngt him fir den 1200. Doudesdag vum hellege Willibrord, datt den 1. Mee 1939 de Poopst Pius XII déi fréier Benediktinerkierch vun Iechternach zu enger Basilica minor erhieft. Am Zweete Weltkrich gëtt dës Kierch awer sou vill zerstéiert, datt si duerno huet missen nei opgeriicht ginn. Den 20. September 1953 konnt deen duerch Giicht kierperlech behënnerte Bëschof awer bei der Aweiung vun der neier Basilika dobäi sinn. Säi Bëschof-Koadjutor Léon Lommel huet d'Feier zesumme mam Apostoleschen Nuntius a mat 7 anere Bëscheef geleet.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Bëschofswopen, deen an der mëttelster Chouerfënster vun der Kathedral ze gesinn ass[1], weist déi dräi Schéierpunkte vum Bëschof Philippe senger Spiritualitéit: d'Häerz-Jesu, Maria a Christus an der Hostie. Säi Wope gëtt sou beschriwwen: D'azur à la croix d'or chargée du Sacré-Coeur de Jésus brûlant de gueules, rayonnant d'or, une croix de sable issant des flammes, accompagnée au premier canton du monogramme de la Vierge d'argent, au chef cousu de gueules cahrgée d'une hostie d'argent rayonnante d'or au monogramme du Christ de sable.

Seng Devise als Generol vun der Häerz-Jesu-Pateren Adveniat regnum tuum (Däi Räich soll kommen, Lk 11,2) huet hien als Bëschof duerch Pro animabus vestris (Fir är Séilen, 2 Kor 12,15) ersat.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • P. Robert Quardt (SCJ), "Für eure Seelen" - Leben und Werk des Bischofs Joseph Philippe von Luxemburg; Kanisius Verlag, CH - Freiburg, D - Konstanz/Baden an D - München, 1958; 236 S. (ill.).
  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph Lorenzo Philippe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Die Chorfenster der Kathedrale Unserer Lieben Frau von Luxemburg Fotos: Guy Wolff (LW) Text: Jean-Louis Gindt
  2. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951
Virgänger BishopCoA PioM.svg Nofolger
Pierre Nommesch Lëscht vun de Bëscheef Léon Lommel