Op den Inhalt sprangen

Joseph Sevenig

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Joseph Nicolas Sevenig)
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Sevenig
Gebuertsnumm Joseph Nicolas Sevenig
Gebuer 21. Januar 1869
Nidderwolz
Gestuerwen 31. August 1927
Lëtzebuerg
Alter 58 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Paschtouer

De Joseph Nicolas Sevenig, gebuer den 21. Januar 1869 zu Nidderwolz[1] a gestuerwen den 31. August 1927 zu Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Paschtouer an Auteur[3].

Hie gouf 1893 zum Priister geweit, war da véier Joer laang Kaploun zu Dikrech an dono vun 1897 bis 1910 an der Stater Méchelskierch. Vun 1910 bis 1917 war e Paschtouer zu Izeg a vun 1917 bis zu sengem Doud zu Munneref.[3]

De Jos. Sevenig war Mataarbechter vun enger Rei Zeitungen an Auteur vun enger ganzer Rëtsch vun Artikelen, Theaterstécker, Gedichter a Reesreportagen (Von Luxemburg nach Wien), dorënner och vun enger Publikatioun iwwer d'Munnerefer Parkierch[4].

Zu Munneref gouf eng Strooss nom Joseph N. Sevenig genannt (L-5620)[5].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsakt Nr. 12 vun der Gemeng Wolz vum 21. Januar 1869
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 2. September 1927
  3. 1 2 >Fiche op autorenlexikon.lu (nogekuckt: 04.11.2025)
  4. Administration Communale de Mondorf-les-Bains et sa commission de la culture et du patrimoine: Wer waren diese Persönlichkeiten? Fiche Jos N. Sevenig. Mondorf 2023, op mondorf.lu (nogekuckt: 04.12.2025).
  5. Mondorf-les-Bains : Rue Joseph Nicolas Sevenig. map.geoportail.lu. Gekuckt den 28.05.2026.