Joseph Speck

Vu Wikipedia
Joseph Speck
Gebuer 13. September 1834
Iechternach
Gestuerwen 4. Januar 1901
Tréier
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Auteur


De Joseph Emmanuel Speck, gebuer den 13. September 1834 zu Iechternach, gestuerwen de 4. Januar 1901 zu Tréier,[1] war e lëtzebuergesche Professer an Auteur.

Hien huet seng Karriär am September 1857 als Repetent am Athenäum ugefaangen; am September 1858 gouf hie Professer. Am Oktober 1863 gouf hien op eegene Wonsch hin an d'Mëttel- an Industrieschoul vun Iechternach versat. Do huet hien, mat enger kuerzer Ënnerbriechung, wéi hien an d'Stad strofversat gi war (Schouljoer 1878/79), bis zu senger Pensioun am Dezember 1899 enseignéiert.

De Jos Speck war Member vum Iechternacher Gemengerot. De 17. Dezember 1866 ass hie fir d'éischt gewielt ginn, gouf dann 1869 an 1872 erëmgewielt, an huet 1876 demissionéiert.

De Speck ass den Auteur vun der "Hämelmaous", deem bekannten Iechternacher Fueslidd. An dem Programm vun der Iechternacher Mëttel- an Industrieschoul (respektiv dem Progymnase) huet hien awer och eng Rei vu pedagogeschen Aufsätz publizéiert, an hien huet och zwou historesch Aarbechte geschriwwen: "Sur le séjour des légions de César dans le pays de Luxembourg" (1862) an "Urkunden zur Geschichte der Stadt und Abtei Echternach" (1880).

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Speck, J., 1862. Sur le séjour des légions de César dans le Pays de Luxembourg. Publications de la Société archéologique du Grand-Duché de Luxembourg, XVIII, S. 156-166.
  • Speck, J., 1865. Über die spezielle Aufgabe unsers Gymnasial-Unterrichtes. In: Programm der Mittel- und Gewerbschule zu Echternach, Schuljahr 1864/1865, S. 1-19.
  • Speck, J., 1865. Zur Unterrichtsfrage. L'Union 1865, Nr. 174, 176, 179, 182, 186, 188, 189, 191.
  • Speck, J., 1866. Zur Frage über Realschulwesen im Großherzogthum Luxemburg. In: Programm der Mittel- und Gewerbschule zu Echternach, Schuljahr 1865/1866, S. 1-19.
  • Speck, J., 1866. Ein offenes Wort an Herrn de Colnet, Professor am Athenäum. Luxemburger Wort 1866, Nr. 276 (28. November), S. 1-2, Nr. 278 (30. November), S. 1-2.
  • Speck, J., 1867. Zuschrift an den "Courrier" im März 1867 zur Entgegnung auf die gegen ihn gerichteten Angriffe. Luxemburger Wort 1867, Nr. 59 (10. März), S. 1-2.
  • Speck, J., 1877. Zur Frage über die Lage des Echternacher Progymnasiums. Echternacher Anzeiger 1877, Nr. 98 (9. Dez.): 1-2; Nr. 100 (16. Dez.): 1-2 [unterzeichnet: X].
  • Speck, J., 1880. Urkunden zur Geschichte der Stadt und Abtei Echternach. In: Königlich-Großherzogliches Progymnasium zu Echternach, Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1880-1881, S. 1-32.
  • Speck, J., 1880. Antwort auf die Rezension des Herrn van Werveke, Nicolaus, über die Programm-Abhandlung des Gymnasialprofessors Joseph Speck im Luxemburger Wort, Jg. 1880, no 266 u. 268. Luxemburger Wort 1880. Nr. 272, 274, 279, 281.
  • Speck, J., 1889. Zur Frage über griechischen Unterricht. (Eine luxemburgische Schulfrage.) In: Königlich-Großherzogliches Progymnasium zu Echternach, Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1888/1889, S. 3-15.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 2: M-Z. München, Kraus International Publications, 700 S.
  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S.
  • Massard, J.A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S. (Speck, S. 227).
  • Massard, J.A., 2010. Aus den frühen Tagen der Echternacher Fastnacht: I. Von den Tanzochsen zum Hämelmaushüpfen. II. Auf den Spuren des Hämelmausliedes. Lëtzebuerger Journal 2010, (I) Nr. 29 (11. Febr.): 21; Nr. 30 (12. Febr.): 20; (II) Nr. 32 (16. Febr.): 17; Nr. 33 (17. Febr.): 18. PDF Zeitung Text mat Referenzen.
  • Wilhelm, F., 1992. Nos professeurs écrivains. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 427-464.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.A. Massard: Der Luxemburger Liebig-Schüler Jos Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg 1992, S. 505.