Op den Inhalt sprangen

Joseph Tschiderer

Vu Wikipedia
Joseph Tschiderer
Gebuer 31. Dezember 1799
Dikrech
Gestuerwen 23. Juli 1870
Dikrech
Alter 70 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Gemengeconseiller
Auszeechnungen Officier vum Ordre de la couronne de chêne

De Joseph Tschiderer, gebuer den 31. Dezember 1799 zu Dikrech[1][2], an och do gestuerwen den 23. Juli 1870[3][4], war e lëtzebuergeschen Händler a Politiker.

Hien huet 1840 tëscht Dikrech a Steeën, um Laf vun der Tirelbaach d'Tschiddeschmille baue gelooss.

Hie war vun 1830 bis 1869 Member vum Gemengerot vun der der Gemeng Dikrech[5] a vun 1844 bis 1848 Buergermeeschter vun där Gemeng[6].

Vun 1848 bis 1856, duerno vun 1857 bis 1860, an nach eng Kéier vun 1863 bis 1869 war hien Deputéierten an der Chamber.[7]

Hie war mat der Constance Choffray vun Haufelescht bestuet. Hir Duechter Marie war d'Mamm vum Joseph Bech.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Kierchebuch KB-04 vum Dezember 1799 (S.13) vun der Par Dikrech
  2. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg. - N° 64 - 30.6.1849)
  3. Stierfakt Nr. 51 vum 24. Juli 1870 vun der Gemeng Dikrech
  4. 1 2 Evi Friedrich: Die Tschiderer. In: Revue, 31. Jg., nº 12 (22.03.1975), p. 46-49 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  5. (fr) Longévité des conseillers communaux. SVQ (13.04.2023). Gekuckt den 30.03.2026.
  6. Bourgmestres de la ville de Diekirch 1835 - 1945. Deiwelselter - Informatiounsblad vun der Gemdng Dikrech, Mäerz 2016.
  7. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
  8. (de) Diekirch. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 2. Luxemburger Zeitung (25.07.1870). Gekuckt den 30.03.2026.
  9. (fr) Avis - Couronne de chêne. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 11 (numeréiert 103). Mémorial. Gekuckt den 30.03.2026.