Joseph Wirth

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Wirth
Gebuer 25. Mäerz 1891
Gestuerwen 12. August 1935
Aktivitéit Moler

De Joseph Wirth, gebuer de 25. Mäerz 1891 zu Réiden op der Atert a gestuerwen den 12. August 1935 an der Stad, war e lëtzebuergesche Moler.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Wirth war vun 1910 bis 1915 Schoulmeeschter zu Nidderpallen an zu Ielwen an huet duerno, vun 1915 bis 1917 zu München op der Konschtschoul studéiert.

1917 huet hie seng Maîtrise de dessin zu Lëtzebuerg gemaach, krut 1918 eng Nominatioun als Zeecheschoulmeeschter am Gymnase zu Dikrech an dat Joer duerno an der Industrieschoul an der Stad, wou hien 1930 eng Ernennung als Zeecheprofesser krut[1].

De Joseph Wirth huet haaptsächlech Landschaften, Nature-morten a Blumme gemoolt. Wärend senger Zäit zu München, hat hien awer och vereenzelt Portraite gemoolt. Hien huet 1926 d'“Luxemburger Rechenbuch für das 3. und 4. Schuljahr” illustréiert.

Den 12. August 1935 ass de Joseph Wirth un de Follge vun enger Rëppefellentzündung gestuerwen.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Wirth huet keng Ausstellunge gemaach, mä huet seng Biller u Familljememberen a Frënn verschenkt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • “Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur”, S. 122, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph Wirth – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. arrêté grand-ducal du 17 octobre 1930

Quell, wann net anescht uginn: “Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur”, S. 134, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2