Josephine Baker

Vu Wikipedia
Josephine Baker
Gebuertsnumm Freda Josephine McDonald
Gebuer 3. Juni 1906
St. Louis
Gestuerwen 12. Abrëll 1975
Paräis
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit USA, Frankräich
Aktivitéit Sänger, Revue-Vedette, Filmschauspiller, Stroossekënschtler, Dänzer, Jazzmuseker, Mannequin, Schauspiller, Offizéier, Schrëftsteller
Member vun Fräimaurerei
D'Josephine Baker (1949)

D'Josephine Baker, gebuer als Freda Josephine McDonald den 3. Juni 1906 zu St. Louis, Missouri a gestuerwen den 12. Abrëll 1975 zu Paräis, war eng US-amerikanesch-franséisch Dänzerin, Sängerin a Schauspillerin.

D'Josephine Baker ass an äermleche Verhältnesser opgewuess. Am Juli 1917 huet si zu East St. Louis e Pogrom materlieft, bei deem bis zu honnert Mënschen, déi meescht Afroamerikaner, ermuert goufen. Zanterhier war si eng engagéiert Kämpferin géint Rassismus. 1921 huet si den Zuchkontolleur Willie Baker bestuet, vun deem se nees 1925 gescheet gouf, awer den Numm hiert Liewe laang behalen huet.

D'Josephine Baker als Burlesque-Showgirl, 1927.

Si huet mat 16 Joer hir Karriär als Dänzerin am Standard Theatre zu Philadelphia uegfaangen. Duerno goung s'op New York wou se bei enger Vaudeville-Trupp engagéiert gouf, mat där si en halleft Joer duerch d'USA op Tournée goung. Vun 1923 bis 1925 ass si weiderhin zu New York als Chorus-Girl an engem Musical an an der schwaarzer Revue The Chocolate Dandies opgetureden. Duerch eng Bekanntschaft mam däitschen Dichter Karl Gustav Vollmoeller krut si Engagementer zu Paräis, wou si 1925 mat La Revue Nègre am Théâtre des Champs-Elysées e grousse Succès beim Publikum hat, dat duerch hiren Danz den Charleston entdeckt huet. Duerno goung si mat hirer Revue op Tournée op Bréissel an op Berlin. 1926 bis 1927 war si de Star vun de Folies Bergère, wou si ë. a. mat hirem berüümte Rack aus Banannen opgetrueden ass.

D'Josephine Baker am Bananneräckelchen 1927 an enger Folies-Bergère-Produktioun.

1927 huet si sech mam sizialianesche Steemetzer Giuseppe Pepito Abatino bestuet, dee sech als Grof Di Albertini ausginn huet an och hire Manger war. Hir skandaléis Kostümer hu mat sech bruecht, datt s'a Stied wéi Wien, Prag, Budapest a München verbuede krut, opzetrieden, wat se ëm sou méi interessant fir de Public gemaach huet.

No enger Tournée duerch Osteuropa a Südamerika ass si virun allem als Sängerin opgetrueden. Zu hire Succèsen ziele Lidder wéi J’ai deux amours, Aux Îles Hawai a Pretty Little Baby. Si huet och d'Haaptroll an de Filmer La Sirène des Tropiques (1927), Zouzou (1934) a Princesse Tam-Tam (1935) gespillt.

1937 huet d'Josephine Baker déi franséisch Nationalitéit ugeholl. Am Zweete Weltkrich huet si deels a Frankräich, deels an Nordafrika gelieft. Si ass virun de franséischen Truppen opgetrueden an huet fir d'Résistance an de Geheimdéngscht geschafft. Ausserdeem huet si e Piloteschäi gemaach, gouf Läitnant a krut nom Krich d'Légion d'honneur. 1947 huet si den Dirigent Jo Bouillon bestuet, mat deem se bis 1957 zesummeblouf.

Vu Frankräich aus, wou se gelieft huet, huet si zanter den 1950er Joren déi US-amerikanesch Biergerrechtsbeweegung ënnerstëtzt. Si huet op hir Aart a Weis géint Rassismus protestéiert, andeems si 12 Weesekanner aus der ganzer Welt adoptéiert huet - hir "Reeboufamill" wéi si se genannt huet - a mat hinnen um Schlass Les Milandes am Périgord gelieft huet.

Den 8. Abrëll 1975 war d'Première vun hirer Show Joséphine, mat där se hir 50 Joer op der Bün feiere wollt. Mä kuerz drop krut si en Hiereschlag, un deem senge Follge se den 12. Abrëll gestuerwen ass.

Si gouf zu Monaco begruewen.

Den 30. November 2021 gouf se an engem Staatsakt symbolesch an de Panthéon iwwerfouert.[1]

D'Josephine Baker zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Josephine Baker war op d'mannst dräimol zu Lëtzebuerg: eng Kéier soll si zu Wolz am Hotel Adler iwwernuecht hunn; eng Kéier, am Mäerz 1959, war si op Besuch bei engem Direktiounsmember vun der CECA[2], an den 11. Abrëll 1957 huet si am Stater Theater, op Invitatioun vun der israeelescher Kulturorganisatioun B'nai Brith, e Virtrag géint Rassismus gehalen[3].

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Claude Baker, Chris Chase: Josephine. 2001 ISBN 0-8154-1172-3
  • Josephine Baker, Marcel Sauvage: Ich tue, was mir paßt. Vom Mississippi zu den Folies Bergere. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt 1983 ISBN 3-596-22472-1
  • Lynn Haney: Naked at the Feast: The Biography of Josephine Baker. Robson Books 2003 ISBN 1-86105-507-2
  • Phyllis Rose: Josephine Baker oder Wie eine Frau die Welt erobert. Droemer Knaur 1994 ISBN 3-426-75016-3
  • Ean Wood: The Josephine Baker Story. Santuary Publishing 2002 ISBN 1-86074-394-3
  • Ean Wood: La folie Joséphine Baker. Ud-Union Distribution 2003 (Reihe: J'ai Lu) ISBN 2-290-32410-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joséphine Baker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. " ' Weil sie Frankreich geliebt hat ...'." wort.lu [w+], 30.11.2021.
  2. Als Josephine Baker nach Luxemburg kam." wort.lu [w+], 29.11.2021.
  3. Im Dienste des Friedens: Josephine Baker. Revue N°17 vum 27 Abrëll 1957 S. 14-16.