Op den Inhalt sprangen

Joshuabam

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Joshua Tree)
Joshuabam
e Joshuabam
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Uerdnung Asparagales
Famill Asparagaceae (Spargelplanzen)
Ënnerfamill Agavoideae
Gattung Yuccaen (Yucca)
Wëssenschaftlechen Numm
Yucca brevifolia
Engelm. 1871

De Joshuabam (Yucca brevifolia; op Englesch bekannt als Joshua Tree) ass eng Planzenaart aus der Gattung vun de Yuccaen (Yucca). Dat laténgescht brevifolia heescht "mat kuerze Blieder".

E kënnt an den USA, an der Mojave-Wüst, an do virun allem am Joshua-Tree-Nationalpark vir. E gëtt iwwer 12 Meter héich a ka bis zu 150 Joer al ginn. De Stamm gëtt op der Basis bis zu annerhallwem Meter déck. D'Äscht si vun enger Héicht vun 2-3 Meter un. Seng Blieder si schwäertfërmeg, 15 bis 40 cm laang an 0,5 bis 1,6 cm breet. E blitt vu Mäerz bis Mee. D'Bléie si kugel- bis ovalfërmeg, wäiss bis crèmefaarweg, a bis 3,5 cm laang an 2 cm breet. Zeideg Friichten zergrimmelen. D'Beem hale Frascht bis minus 15 °C aus, sinn awer kriddeleg, wat Nätzt betrëfft.

En Album vun der irescher Popband U2 vun 1987 heescht Joshua Tree.

  • Yucca brevifolia. Fritz Hochstätter (Hrsg.): Yucca (Agavaceae). Band 2 In the Southwest, Midwest und East of the USA, Selbstverlag, 2002, S. 40–44, 156–158, 257–258, 307–308. ISBN 3-00-009008-8.
 Commons: Yucca brevifolia – Biller, Videoen oder Audiodateien