Op den Inhalt sprangen

Joshua-Tree-Nationalpark

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Joshua Tree National Park)
Joshua-Tree-Nationalpark
Lokalisatioun
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Gemeng San Bernardino County
Koordinaten 33°44'54,17"N, 115°49'9,52"W
Ugeluecht 1994
Genannt no Joshuabam
Fläch 3.196 km²

De Joshua-Tree-Nationalpark ass en Nationalpark am Südoste vu Kalifornien, net wäit ewech vu Palm Springs. Et ass eng Wüstelandschaft, déi den Iwwergang tëscht der Mojave-Wüst an der Colorado-Wüst, mécht.

De Park krut säin Numm no enger opfälleger Aart vu Yuccabeem, déi op englesch "Joshua Tree" genannt ginn (Yucca brevifolia).

Nieft de Joshuabeem-Bëscher bitt de Park intressant geologesch Formatiounen. E gouf 1936 zum National Monument ernannt an 1994 zum Nationalpark erkläert. Ronn 3 Millioun Leit – dorënner Dausenden, déi duer klotere ginn – besichen de Park all Joers. Westlech grenzt direkt d'Sand to Snow National Monument drun.

De Joshua-Tree-Nationalpark ass 3.196 km² grouss, a läit op enger Héicht vun tëscht 305 a 1.772 Meter.

 Commons: Joshua-Tree-Nationalpark – Biller, Videoen oder Audiodateien