Josy Haendel
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Josy Haendel | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Joseph Jean Baptiste Haendel |
| Gebuer |
8. August 1921 Alzeng |
| Gestuerwen |
15. Abrëll 1943 Mischkino |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Zwangsrekrutéierten |
|
| |
|
Strosseschëld zu Alzeng | |
De Joseph Jean Baptiste ("Josy") Haendel, gebuer den 8. August 1921 zu Alzeng[1], a gestuerwen de 15. Abrëll 1943 bei Mischkino, an der Sowjetunioun (haut: Russland), war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[2].
Hie war aktiv am Vëlossportveräin Le Guidon Alzingen.
Hie gouf den 18. Oktober 1942 an d'Wehrmacht agezunn, an ass 6 Méint drop op der Ostfront, 50 km südëstlech vu Leningrad, gefall.
Zu Alzeng ass eng Strooss no him genannt ginn.[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Commune de Hesperange, Hesperange. Certificats de naissance 1913–1923 Gebuertsschäin 29. www.familysearch.org. Gekuckt de 15.08.2025.
- ↑ Roland Schumacher, Drei Opfer des Zweiten Weltkriegs in den Reihen des "Guidon Alzingen".. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 15.08.2025.
- ↑ L-5829
